Handy

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Verschidde Modelle vun Handyen

En Handy oder GSM ass en Telefon, deen onofhängeg vum Standuert benotzt ka ginn.

E kommunizéiert iwwer Funk mat enger Basisstatioun an der Géigend (enger Antenn), déi e mam Haapttelefonsnetzwierk verbënnt. Wann de Benotzer vum Handy ze wäit vun enger Antenn fort geet, verbënnt den Handy sech automatesch mat enger anerer, méi noer Antenn.

Mat engem Handy kann een uruffen an SMSe verschécken a kréien. En Handy mat Internetverbindung an engem Touchscreen ass ee Smartphone. Zënter 2013 gi weltwäit méi Smartphones wéi "klassesch" Handye verkaaft.[1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. cnet.com: Smartphones to outsell feature phones in 2013 for first time (4. Mäerz 2013)