Sex and the City

Vu Wikipedia
Sex and the City
Serie
Produktiounsland USA
Dauer 30
Format 1,33:1
Originalsprooch Englesch
Follgen 94
Éischt Folleg 6. Juni 1998
Staffelen 6
Episoden 94
Ekipp
Iddi Darren Star
Distributioun Hulu
Schauspiller
Sarah Jessica Parker als Carrie Bradshaw
Kim Cattrall als Samantha Jones
Kristin Davis als Charlotte York
Cynthia Nixon als Miranda Hobbes


Sex and the City ass eng US-amerikanesch Televisiounserie. Et handelt sech ëm d'Frëndschaft vu véier Frae vun New York an ëm hir Erliefnesser an der Léift, hir Diskussiounen a Gedanken iwwer mënschlech Bezéiungen.

Bis 2008 goufen am Ganze 6 Staffele mat 94 Folge gedréint an e Kinosfilm. Déi 5. Staffel war mat 8 Follgen déi kierzt an déi 6. Staffel mat 20 Follgen déi längst. Déi eenzel Follgen daueren 30 Minutten.

D'Serie baséiert um Buch Sex and the City vum Candace Bushnell. D'Buch zur Serie heescht Sex and the City, Kiss and Tell vum Amy Sohn. D'Iddi fir d'Serie ass vum Darren Star. D'Musek ass vum Douglas J. Cuomo.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]