Fantasyfilm

Vu Wikipedia

E Fantasyfilm ass e Genre Film an deem Elementer, déi et an der Realitéit net ginn, eng wichteg Roll spillen. Et geet ëm Elementer aus der mënschlecher Fantasie, wéi zum Beispill Zauberei a fiktiv Liewewiesen a Welten.

De Genre gëtt heiansdo och fantastesche Film genannt. Den däitsche "Lexikon der Filmbegriffe" dogéint schreift: "Der Fantasy-Film gilt neben dem Science-Fiction- und dem Horrorfilm als Subgenre des phantastischen Films".[1]

Bekannt Beispiller vu Fantasyfilmer sinn The Wizard of Oz (1939), Conan the Barbarian (1982), an d'Verfilmunge vun de Bicherreien Harry Potter (2001-2011), The Lord of the Rings (2001-2003), The Chronicles of Narnia (2005-2010) an The Hobbit (2012-2014).

D'Grenz tësche Fantasy a Science-Fiction ass net ëmmer ganz kloer. E puer Science-Fiction-Filmer, an deenen iwwernatierlech oder quasi-iwwernatierlech Fäegkeeten opdauchen, kéinten och als Fantasyfilmer kategoriséiert ginn. Meeschtens läit den Ënnerscheed doran, datt déi Fäegkeeten an de Science-Fiction-Filmer méi oder wéineger wëssenschaftlech erkläert gi, wärend se an de Fantasyfilmer als iwwernatierlech acceptéiert ginn, ouni datt eng Justifikatioun néideg ass. Zu de Filmer, déi Fantasy a Science-Fiction vermëschen, zielen d'Star-Wars-Filmrei an d'Filmer iwwer de Superman.[2][3][4]

Et gi Filmfestivalen, déi op Fantasyfilmer spezialiséiert war. Zu Lëtzebuerg war dat tëscht 1997 an 2006 de Cinénygma Luxembourg International Film Festival.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Definitioun vu "Fantasy-Film" am Lexikon der Filmbegriffe (20. Dezember 2012)
  2. medium.com: The Definitive Answer to Is Star Wars Science Fiction or Fantasy? vum Dirk Hooper (10. Oktober 2019)
  3. inverse.com: third, it must possess originality. vum Ryan Britt (15. Februar 2021)
  4. writersdigest.com: The Difference Between Science Fiction and Fantasy: What Every Screenwriter Needs to Know vum Jeremy Robinson (18. Dezember 2017)