Friends

Vu Wikipedia
Friends
Serie
Produktiounsland USA
Dauer 22
Format 16:9
Originalsprooch Englesch
Follgen 236
Éischt Folleg 22. September 1994
Staffelen 10
Episoden 236
Ekipp
Iddi David Crane
Martha Kauffman
Dréibuch David Crane
Produzent David Crane
Martha Kauffman
Produktiouns-
gesellschaft
Warner Bros. Television
Distributioun Netflix
Schauspiller
Jennifer Aniston
Courteney Cox
Lisa Kudrow
Matt LeBlanc
Matthew Perry
David Schwimmer

Friends ass eng Televisiounsserie aus den USA vum David Crane a Martha Kauffman. Déi éischt Folleg ass den 22. September 1994 gelaf, no 236 Follgen an 10 Staffele war déi lescht Episod de 6. Mee 2004 ze gesinn.

Friends ass eng vun den erfollegräichsten US-amerikanesche Sitcomen.

Ëm wat geet et?[änneren | Quelltext änneren]

A Friends geet et ëm eng Grupp vu sechs jonke Leit zu New York, alleguer Frënn, wéi den Titel vun der Serie seet. Dës sechs Frënn, alleguer Mëtt Zwanzeg um Ufank vun der Serie, sinn, wéi sou dacks, op der Sich no berufflechem Erfolleg a privatem Gléck, an ameséieren domat d'Nokucker immens.

Haaptduersteller[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Jennifer Aniston spillt d'Rachel Green, e verwinntent Kand aus räichem Haus, wat zu New York en neit Liewen ufänkt, nodeem säi Papp him d'finanziell Ënnerstëtzung gestrach huet.
  • D'Courteney Cox spillt d'Monica Geller, fréier Schoulfrëndin vum Rachel, wat mat sengem Brudder Ross, dem Chandler, dem Joe an dem Phoebe zu New York wunnt, Kächen ass, an en Ordnungstick huet.
  • Den David Schwimmer spillt de Ross Geller, dem Monica säi Brudder, a Paleontolog deen d'Leit éiweg mat Dinosaurier langweilt, an um Ufank vun der Serie nees Single ass, nodeem seng Fra erausfonnt huet si wir lesbesch. Ausserdeem war hien zanter der High School an d'Rachel verléift.
  • De Matthew Perry spillt den Chandler Bing, kee wees wat e genee schafft, hie selwer beschreift et als "data processing". Hie wunnt um Ufank vun der Serie mam Joey vis-à-vis vum Monica, an ass de Witzbold vun der Clique.
  • De Matt LeBlanc spillt den Joey Tribbiani, en italieenesche Schauspiller deen d'Frae wéi d'Ënnerwäsch wiesselt, a mam Chandler zesummewunnt.
  • D'Lisa Kudrow spillt d'Phoebe Buffay, eng exzentresch Masseuse déi och alt emol am Metro e Liddchen op der Gittar spillt.

Gaaschtoptrëtter[änneren | Quelltext änneren]

D'Serie war an den USA sou beléift, datt sech vill Schauspiller et net konnten huele loossen, eng Gaaschtroll z'iwwerhuelen. Déi bekanntst sinn hei opgezielt:

  • Christina Applegate als Amy Green, Schwëster vum Rachel.
  • David Arquette als Malcolm, en Ex-Frënd vum Phoebe senger Zwillingsschwëster.
  • Alec Baldwin als Parker, en Date vum Phoebe.
  • George Clooney als Dr. Michael Mitchell.
  • Danny DeVito als Roy, e männleche Stripper um Phoebe sengem Jonggesellenabschied.
  • Jon Lovitz als Steve, e Restaurantbesëtzer.
  • Brad Pitt als Will Colbert, en ale Schoulfrënd vum Ross, deen d'Rachel net leide kann (zu där Zäit waren de Brad Pitt an d'Jennifer Aniston nach matenee bestuet).
  • Tom Selleck als Dr. Richard Burke, Frënd vum Monica iwwer e puer Staffelen.
  • Bruce Willis als Paul Stevens, e Mann mat deem d'Rachel eng Zäit zesummen ass.
  • Reese Witherspoon als Jill Green, Schwëster vum Rachel.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Friends (TV-show) – Biller, Videoen oder Audiodateien