Sailor Moon

Vu Wikipedia
Sailor Moon
Serie
Produktiounsland Japan
Dauer 20-25
Originalsprooch Japanesch
Follgen 200
Éischt Folleg 7. Mäerz 1992
Ekipp
Iddi Naoko Takeuchi
Produzent Jun'ichi Satoh
Kunihiko Ikuhara
Takuya Igarashi
Schauspiller

Sailor Moon (japanesch: 美少女戦士セーラームーン -; bishōjo senshi sērā mūn) ass den Titel vun enger Anime-Serie, déi ursprénglech e Manga vun der japanescher Zeechnerin Naoko Takeuchi war. Si kann zum Magical Girl-Genre gezielt ginn. No de Simpsons an de Flintstones ass Sailor Moon weltwäit déi drëtterfollegräichst Zeechentrickserie vun allen Zäiten, an huet virun allem an Däitschland derzou bäigedroen, datt sech den Anime-Genre etabléiere konnt, deen a Frankräich zum Beispill scho méi fréi ganz populär war.

Ëm wat geet et?[änneren | Quelltext änneren]

D'tollpatschegt Meedche Bunny (am Original Tsukino Usagi) begéint enges Daags der Kaz Luna, déi schwätze kann. Dës Kaz erzielt dem Bunny seng Beruffung: eng Sailor-Krigerin fir Léift a Gerechtegkeet ze sinn, a géint dat Béist ze kämpfen.

Sailor-Krigerinne sinn d'Beschützer vun de Planéiten am Universum. Eigentlech huet all Liewewiesen e sougenannte Stärekristall an sech. Wa sech e Meedche staark genuch erweist, gëtt aus dem Stärekristall e Sailorkristall, a si ka sech an eng Sailorkrigerin verwandelen, fir hiren Heemechtplanéit ze beschützen. Sou gesinn huet all Planéit eng Sailorkrigerin - mat Ausnam vun der Äerd. Dat ass och net noutwenneg, well si gëtt vu baussen duerch d'Moundräich a vu bannen duerch d'Goldräich geschützt. De Prënz vun der Äerd, den Endymion oder Mamoru, representéiert d'Äerd amplaz vun enger eegener Sailor-Krigerin.

Haaptpersonnagen[änneren | Quelltext änneren]

  • Sailor Moon / Bunny (Usagi) Tsukino: D'Bunny ass e sensibelt an tollpatschegt jonkt Meedchen. Gläichzäiteg ass hatt awer och eng "Sailor"-Krigerin, déi den Optrag huet, fir d'Léift an d'Gerechtegkeet ze kämpfen. Hatt ass u sech de Chef vun der "Sailor"-Trupp.
  • Sailor Merkur / Ami Mizuno: D'Ami ass souzesoen d'"Gehier" vun der Trupp, mat engem IQ vun 300. Well hatt ëmmer immens gutt Zensuren hat, ass hatt zu enger Aussesäiterin ginn. Hatt ass och d'Krigerin vum Waasser, d'Sailor Merkur. Dem Ami seng Mamm ass Doktesch, an och hatt hofft, eng Kéier dëse Beruff ergräifen ze kënnen.
  • Sailor Mars / Rei Hino: D'Rei ass d'Krigerin vum Feier, d'Sailor Mars. Hatt lieft mat sengem Grousspapp an engem ale Shintō-Schräin. Hatt ass eng Miko a gouf an der Konscht vun der Meditatioun ausgebilt.
  • Sailor Jupiter / Makoto Kino: D'Makoto ass d'Kämpferin vum Blëtz a vum Donner. Nodeem hatt seng Eltere bei engem Fligersaccident verluer huet, lieft hatt eleng, an ass och eng gutt Kampfsportlerin.
  • Sailor Venus / Minako Aino: D'Minako ass eng opgedréite Persoun. Laut der Zeechnerin Naoko Takeuchi ass d'Minako 1,50m grouss an huet himmelblo Aen. An der Serie gëtt hatt dacks mam Bunny verwiesselt, wat déi zwee Meedercher awer och fir sech ausnotzen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Offiziell Säit vu Sailor Moon (ja)

Commons: Sailor Moon – Biller, Videoen oder Audiodateien