Shintō

Vu Wikipedia
Dëse Reliouns- a Glawensartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Shintō Symbol
Shintō Priisteren

Shintō (japanesch 神道, iwwersat: "Wee vun de Gëtter") - och Shintoismus genannt, ass eng Relioun, déi bal exklusiv a Japan praktizéiert gëtt.

Shintō ass net einfach ze beschreiwen, well en eng grouss Diversitéit vu regional verschiddene Kulten an iwwerliwwerte Glawensformen aschléisst. De Shintō ass a Japan zesumme mam Buddhismus déi gréisst Reliounsgemeinschaft. Shintō besteet aus enger Usammlung vu ville reliéise Kulten a Glawensformen, déi sech un den eenheemesche Gottheeten (Kami) orientéieren. D'Kami sinn zueleméisseg onbegrenzt a kënnen d'Form vu Mënschen, Déieren, Géigestänn oder abstrakte Wiesen hunn. Shintō gëllt dofir och als eng polytheistesch, animistesch oder och theophanistesch Relioun.

Gebaier oder Veréierungsplaze vum Shintō gi Shintō-Schräiner genannt. Un der Spëtzt vun der Schräinhierarchie steet en Ise-Schräin, wou d'Sonnegottheet Amaterasu veréiert gëtt, déi gläichzäiteg als Grënnerin vum japanesche Keeserhaus, an als Virgängerin vum Tennō, gëllt.

Shintō am alldeegleche Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Shintō besteet aus der Léier, datt all d'Liewen op der Welt aus der Natur ofstamt an dohin och erëm zeréckgeet. Egal op Mënsch, Déier oder Planz, alles lieft nëmme fir eng bestëmmten Zäit an no där Zäit féiert alles erëm zeréck zum grousse Liewen. Déi al Kategorië vum Gudden a vum Béise gëtt et sou, ënner där Aart, am Shintoismus net. Et geet méi ëm d'Ritualer vum reng an onreng sinn, déi praktizéiert ginn.

D'buddhistesch Tempelen an d'Shintō-Schräiner sinn dacks zesummegewuess an déi iwwertéinen doduerch dacks de Shintōkult. Scho bei der Gebuert vun engem japanesche Kand ass et Brauch, datt d'Kand dem Kami vum Shintō-Schräin virgestallt gëtt. Méi spéit dann, bei der Verlobung, gëtt et shintoistesch Bräich, bei der Hochzäit awer gëtt sech vill um chrëschtlesche Modell inspiréiert. D'Begriefnes gëtt meeschtens vun engem buddhistesche Mënch gehalen.

D'Relioun Shintō[änneren | Quelltext änneren]

D'Reliounen, sou wéi de Shintō a Japan, de Konfuzianismus an de Buddhismus ginn als Eenheet ugesinn, déi op ee Ganzt bezu ginn.
D'Japaner halen dësen Ëmstand net fir géigesätzlech, et ass fir si méi wichteg, verschidde Vuen niefteneen existéieren ze loossen.

Dat Entscheedend ass net, wéi eng Relioun d'Virmuecht kritt. Fir vill Japaner féiert dës Vue zum Gefill datt de Shintoismus an de Buddhismus éischter e Gefill duerstelle wéi eng Relioun.
De Shintoismus aus Japan schéngt op den éischte Bléck bëssen duercherneen, mä mat der Zäit gëtt däitlech, datt de Shintoismus a Japan eng déifgräifend Systematik a sech huet, déi virun allem doduerch bewierkt gëtt, datt de Shintoismus a Japan als konspirativ Léier an der Analogie zum esoteresche Buddhismus verstane gi muss. Ënner dësem Bléckwénkel kënnen am Shintoismus d'Naturritualer an d'Gëtterveréierung betruecht ginn. D'Gëtter, oder och d'Gottheet, kënnen alles an näischt sinn, oder Naturgewalten, Fielsen, Planzen an Déieren.

Dat Entscheedend ass d'Muecht vun der Gottheet (Kami), net op gutt oder béis Gëtter. Et kënnt dorop un, sech mat der Gottheet gutt ze stellen an dësen Drang duerch déi entspriechend Riten a Bräich vum Shintoismus ze verkierperen.

Lëscht vu wichtege Gëtter[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Shintō – Biller, Videoen oder Audiodateien