Amaterasu

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Amaterasu verléisst hir Hiel

Amaterasu, ganz ausgeschriwwen Amateraus-õ-mi-kami ass déi wichtegst weiblech Gottheet am Shintō. Dës Gottheet representéiert d'Sonn an d'Liicht a gëllt als Grënnerin vum japanesche Keeserhaus. Et ass ënner anerem och d'Gottheet vum Universum. Den Numm heescht sou vill wéi "am Himmel schéngen". D'Amaterasu ass och um japanesche Fändel erëmzefannen a Form vun der Sonn.

Der eelster Chronik vu Japan, der Kojiki no ass d'Amaterasu duerch dat lénkst A vum Izanagi gebuer ginn, wéi dee grad am Gaang war all Befleckunge lass ze ginn, déi e sech am Räich vun den Doudegen zougezunn hat.

Zesumme mat hirem Brudder, dem Susanoo no Mikoto ass d'Amaterasu dozou bestëmmt, vun hirem Papp d'Herrschaft vum Himmel z'iwwerhuelen.

De Keeser wu Japan gëllt dem Shintõ no als direkten Nokomme vun der Amaterasu.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Amaterasu – Biller, Videoen oder Audiodateien