Op den Inhalt sprangen

Fändel vu Japan

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Japanesche Fändel)
De japanesche Fändel (Nisshōki)

De Fändel vu Japan ass e wäisse Rechteck mat engem roude Krees an der Mëtt. Den offizielle Numm vum Fändel ass Nisshōki (日章旗, "Sonnefändel"), mee allgemeng ass e besser bekannt als Hinomaru (日の丸, "Sonnekrees").

Den Nisshōki-Fändel gouf am Gesetz iwwer den Nationalfändel an d'Nationalhymn vum 13. August 1999 als Nationalfändel festgeluecht. Obwuel et virdru keng Gesetzer dozou gouf, huet de selwechte Fändel och virdru schonn de facto als Nationalfändel gegollt.

Am Joer 1870 huet déi deemoleg Regierung e Fändel mat enger Sonnescheif a 16 Stralen als Pavillon maritime fir Handelsschëffer a fir d'Krichsmarinn proklaméiert. Dee Fändel ass de Kyokujitsuki. D'Verwendung vum Hinomaru gouf nom Zweete Weltkrich, am Ufank vun der Okkupatioun vu Japan, staark vun den Alliéierten ageschränkt; déi Aschränkunge goufe spéider méi labber gemaach.

D'Sonn spillt eng wichteg Roll an der japanescher Mythologie a Relioun. De Keeser gëllt als direkten Nokomme vun der Shintō-Gëttin Amaterasu, an d'Legitimitéit vum Herrscherhaus huet op där gëttlecher Beruffung berout. Den Numm vum Land an den Design vum Fändel reflektéieren déi zentral Roll vun der Sonn. An der aler Geschichtschronik Shoku Nihongi heescht et, datt de Keeser Monmu am Joer 701 op sengem Haff e Fändel mat enger Duerstellung vun der Sonn gebraucht huet. Dat ass déi éischt Opzeechnung vum Gebrauch vun engem Fändel mat Sonnemotiv a Japan. Den eelste Fändel, deen och haut nach existéiert, fënnt een am Unpō-ji-Tempel an der Stad Kōshū. E kënnt aus der Zäit virun dem 16. Joerhonnert.

Wärend der Meiji-Restauration goufen d'Sonnescheif an de Kyokujitsuki wichteg Symboler vum Japanesche Keeserräich, dat deemools opkomm ass. Si goufe vun der keeserlecher japanescher Arméi a Marinn gebraucht. Op Propagandaplakater, a Léierbicher an a Filmer gouf de Fändel als Quell vu Stolz a Patriotismus duergestallt. An de japanesche private Stéit hunn d'Bierger de Fändel wärend den nationale Feierdeeg, de Festivitéiten a wärend aneren Geleeënheeten, déi vun der Regierung diktéiert goufen, misse weisen. Wärend dem Zweete Chineesesch-Japanesche Krich an anere Konflikter gouf d'Symbolik mat dem Hinomaru-Motiv an der Ëffentlechkeet populär. Dat Motiv stoung fir d'Veréierung fir Japan a vu sengem Keeser. Ënner den Objete mat dem Hinomaru als Motiv ware Fändele mat Sloganen, Gezei a Geschier.

D'ëffentlech Opfaassung vum Nationalfändel variéiert. Souwuel westlech, wéi och japanesch Quelle behaapten, datt de Fändel fir d'Japaner e staarkt a bestännegt Symbol duerstellt. Zënter dem Zweete Weltkrich a speziell dem Pazifikkrich ass de Gebrauch vum Fändel a vun der Nationalhymn Kimigayo an den ëffentleche Schoule vu Japan ëmstridden, a Streidereien doriwwer hunn zu Protester an zu Geriichtsprozesser gefouert. Eng Rei japanesch Militärfändele baséieren op dem Hinomaru-Motiv.

Fréier Versiounen

[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Fändele vu Japan – Biller, Videoen oder Audiodateien