Fukurokuju

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Illustratioun vun ëm 1900

De Fukurokuju ass eng a Japan veréiert Gottheet. Hie gëtt de siwe Glécksgëtter, de Shichi Fukujin, an de San Fukujin, de Gëtter vun der Gléckséilegkeet, zougeuerdnet.

De Fukurokuju gëtt als Mann mat enger extrem héijer Stier duergestallt a mat engem Bengel un deem Schrëftrullen henken.

Seng Begleeder sinn eng Deckelsmouk (Symbol fir e laangt Liewen) an eng Huergäns (Symbol fir Wäisheet).