Monument national des mineurs

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Monument national des mineurs, um Bromeschbierg zu Keel, ass e Monument, dat un all déi Biergaarbechter soll erënneren, déi hiert Liewe bei hirer schwéierer Aarbecht gelooss hunn. D'Monument gouf den 8. September 1957 ageweit a steet vis-à-vis vun der Léiffrächen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den éischten Ufank[änneren | Quelltext änneren]

De Paschtouer vu Keel, de Jos. Dupong, huet 1938 den éischten Ustouss gi fir de Bau vun engem Biergaarbechtermonument an zesumme mat e puer Leit, déi seng Iddi ënnerstëtzt hunn, huet en e Comitée fir de Bau vu sou engem Monument gegrënnt. De Comitée, dee vun der Gemeng a ville Leit ënnerstëtzt gouf, huet Propose gemaach iwwer de Standuert an d'Ausgesi vum Monument.

Als Standuert gouf mat allgemenger Zoustëmmung de Sperrewee erausgesicht, eng Plaz vis-à-vis vun der Grott vun der Léiffrächen, déi awer deemools nach der Arbed gehéiert huet. D'Arbed war awer averstan fir den Terrain géint en aneren ze tauschen, deen d'Gemeng zur Verfügung gestallt huet. Den 30. Abrëll 1940 huet de Gemengerot dem Tauschvertrag zougestëmmt. Duerch den zweete Weltkrich ass awer d'Ausféierung vum Kontrakt ënnerbrach ginn. D'Arbed huet awer d'Plaz während där Zäit net ugeréiert.

D'Finanzéierung vum Monument war zum Deel duerch d'Organisatioun vun enger landeswäiter Lotterie virgesinn. Et goufen 30.000 Louse vun 10 Frang pro Lous drécke gelooss. D'Louse konnten op Véirellouse vun 2,50 Frang opgedeelt ginn. Publicitéit fir d'Lotterie gouf duerch Fluchblieder gemaach. Fräiwëlleg Verkeefer hunn d'Louse verkaf. D'Lotterie sollt eigentlech de 4. Dezember 1939 ausgespillt ginn, huet awer missen duerch eng Rei Problemer beim Verkaf vun de Lousen op de 7. Abrëll 1940 verluecht ginn. D'Suen (141.317,60 Frang) déi sou erakoume goufen awer Ufank 1941 bei der zwangsweiser Opléisung vum Comitée beschlagnahmt.

Den zweeten Ufank[änneren | Quelltext änneren]

Nom Krich gouf de Comitée fir de Bau vum Biergaarbechtermonument nei opgestallt. Deelweis waren nach déiselwecht Leit dran, deelweis och anerer. De 29. Januar 1946 gouf eng Demande gemaach fir dat beschlagnahmt Geld zréckzekréien. De 27. Mee 1952 konnten d'Verhandlungen ofgeschloss ginn an de Comitée krut e Betrag vun 1981,01 RM (Reichtsmark) zréck wat 24.762,60 Frang ausgemaach huet.

De Kontrakt fir den Tausch vum Terrain krut eréischt de 15. September 1947 Rechtsgëltegkeet. Den 12. Januar 1949 huet de Paschtouer Jos. Dupong eng Demande un de Keeler Gemengerot geschriwwe fir d'Baugenehmegung ze kréien. Den 11. Februar 1950 huet en eng zweet Demande geschriwwen an am Mäerz 1950 huet en déi och kritt obwuel bei enger éischter Ofstëmmung am Gemengerot d'Demande ofgeleent gouf.

Fir di weider Finanzéierung ze sécheren gouf vum Comitée eng Subskriptioun opgeluecht, op déi Privatleit, Gemengen a Betriber eng fräiwëlleg Spent konnten abezuelen.

D'Gestaltung vum Monument[änneren | Quelltext änneren]

Déi ursprénglech Pläng vu virum Krich hate virgesinn dat bei de Monument och e Biergbaumusée sollt dobäikommen. Di éischt Pläng fir de Bau si vum Escher Architekt Deitz-Kintzelé gemaach ginn. De Rëmelenger Sculpteur Albert Hames huet Skizze fir Barbara-Statue a fir verschidde Grafplacke gemaach an de Lucien Wercollier aus der Stad huet e Gipsmodell vun der ganzer Anlag a Virlage fir Barbara-Statue gemaach. Déi ganz Viraarbecht ass awer duerch de Krich verluer gaangen an et huet nees misse nei ugefaange ginn.

D'Architekte Léon Loschetter a Pierre Reuter kruten den Optrag vir de Bau vum Monument, sou wéi et haut ausgesäit. Den Devis vum 7. Mee 1952 huet e Präis vu 5,4 Mio Frang virgesinn. Als Baumaterial war eng Kombinatioun aus Natursteen, Stol a Schifer virgesinn, lauter Materialien déi de Mënsch duerch Biergbau notzbar gemaach huet. D'Bauaarbechte goufe vun den Entrepreneure Jos. Lickes vu Keel a Nicolas Siedler vun Téiteng ausgefouert. All d'Aarbechte mat Natursteen goufe mat "Bengeléck" gemaach, engem Steen deen an der noer Ëmgéigend gebrach konnt ginn. D'Stolkonstruktion fir de Klackentuerm gouf vun der Firma Paul Würth aus der Stad gemaach.

De Grondsteen, deen aus der Minière Berens vu Rëmeleng staamt, gouf de 26. Juli 1953 vum Bëschof-Koadjutor Léon Lommel geluecht. Zu gläicher Zäit war och d'200-Joerfeier vun der Léiffrächen. De Bëschof Joseph Philippe huet bei där Geleeënheet der Léiffrächen eng gëlle Kroun opgesat an hir den Titel "Notre Dame des Mineurs" ginn. Domat haten d'Biergleit eng zweet Schutzpatréinesch.

D'Aweiung vum Monument[änneren | Quelltext änneren]

D'Aweiung vum Monument an d'Seene vun der 300 kg schwéierer Klack, déi vun der Mme. Emilie Lecuit, der Fra vum Léon Berens vu Rëmeleng, gestëft gouf, war den 8. September 1957 a Presenz vum Bëschof Léon Lommel.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Ee Kenotaph vun engem Biergaarbechter mat der Opschrëft "E'er an Dank den daperen Biergleit de' go'wen Blutt a Liewen fir Familgen an Hemecht" ass den Zentrum vum Monument. Ronderëm de Kenotaph sinn an engem Hallefkrees 26 Éiereplacken aus Leeë montéiert. Op 19 dovu stinn iwwer 1.400 Nimm vun Affer vun Accidenter an de Minièren. Op deenen Anere sinn Zuelen ernimmt oder Biller aus dem Liewe vun de Biergleit. Nieft der Trap, déi op d'Monument féiert si stenge Reliefer vum Keeler Kënschtler Georges Klein an d'Mauer integréiert.

D'Monument begräift och en zweedeelegen Tuerm mat enger Héicht vun 42 m nieft der Terrass mam Kenotaph an den Éiereplacken. Den ënneschten Deel vum Tuerm besteet aus engem stompege Kegel aus Steen. D'Uewerfläch vun dësem Deel vum Tuerm besteet aus enger Aussiichtsplattform op där den zweeten Deel vum Tuerm, eng Stolkonstruktioun steet, mat engem Kräiz op der Spëtzt.

Unerkennung als nationaalt Monument[änneren | Quelltext änneren]

Den 8. Februar 1978 huet de Buergermeeschter vu Keel Jules Kauffmann dem Kulturminister Robert Krieps eng Demande geschriwwe fir dem Biergaarbechtermonument zu Keel den Titel "National" ze verginn. Dësen Titel krut d'Monument duerch en Dokument vum 14. Mäerz 1978 och. Vun do un ass eng Bronzeplack vun der Géisserei Massard mam Text Monument national des mineurs um Monument ubruecht.

Jubiläums-Gedenkfeier 1989[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Biergaarbechter-Gedenkfeier zu Keel gouf schonn am Joer 1947 ofgehalen, op der Plaz déi fir de Bau vum Monument virgesi war. Zanter 1979 goufe beim Monument zu Keel och Biergaarbechter-Gedenkfeiere mat internationaler Bedeelegung ofgehalen. Am Joer 1989 war den 10-järege Jubiläum vun der Jounée internationale des mineurs an zousätzlech war 1989 den 150-järege Jubiläum vun der Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg. Dofir war den 1. Oktober 1989 eng grouss Gedenkfeier a Presenz vum Ausseminister Jacques Poos a vum Groussherzog Jean.

Illustratiounen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Jules Kauffmann, 1990: Das Denkmal am "Sperrewee", 250 S., Gemeindeverwaltung Kayl-Tetingen, Éditpress Luxembourg,

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Monument national des mineurs – Biller, Videoen oder Audiodateien