Centre culturel "Schungfabrik"

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Schungfabrik zu Téiteng

De Centre culturel Schungfabrik zu Téiteng ass de Kulturzenter vun der Gemeng Keel.

Den Numm krut den Zenter vun der Schongfabréck, déi vun 1913 bis 1966 am Gebai gefouert gouf. 1980 huet d'Gemeng Keel d'Gebai kaaft, 1990 gouf de Kulturzentrum ageweit. Enn 2015 gouf mam Ubau vun engem neie Fligel ugefaangen.[1]

Historesches iwwer d'Schungfabrik[änneren | Quelltext änneren]

Wéi de Mathias Hubert (1859-1946) mat senger Schousterei an der Rëmelengerstrooss zu Téiteng um Enn vum 19. Joerhonnert ugefaangen huet, konnt kee Mënsch ahnen, datt dëse klenge Betrib eemol sou expandéiere géif, wéi dat hei geschitt ass. D'Schousterei Hubert huet zolidd Aarbechtsschong, haaptsächlech fir Biergaarbechter a fir Baueren, a Getten (och fir d'Arméi) hiergestallt, déi sou gutt waren, datt d'Produktioun direkt opkaf ginn ass. A kuerzer Zäit hu beim „Papa Hubert“, wéi hie vu senge Leit genannt gouf, eng ganz Rei vun dichtege Geselle geschafft. Bei de Mataarbechter ware sou Leit wéi, de Wagner Jemp, Mohnen Batty an Berens Jemp. Si haten zum Schluss iwwer 40 Joer Déngscht.

An de Joren 1912-1913 huet den Hubert op sengem Grondstéck an der Géigend vun der Neiwiss, haut Pierre-Schiltz-Strooss, ugefaangen d'Schongfabréck ze bauen. An der Lëtzebuerger „Volkszeitung an Annonceblatt“ stoung: „ Neue Industrie: Eine neue, gewinnbringende Industrie in unserer Ortschaft entstanden. In der Nähe des Bahnhof hat Herr M. Hubert von hier, auf einer Fläche von 6 Ar, eine prachtvolle Schuhfabrik errichtet. Mit dem 1. März wird dieselbe bezogen. Ihr gegenüber hat Pierre Schiltz aus Rümelingen eine Gießerei nach neuestem Muster erbaut. – Eben ist er im Begriffe dieselbe zur Hälfte zu vergrößern. Arbeitsgelegenheit ist also hier vollauf vollendet.“ (Nr. 5/17.1.1913)

Inventaire an der Schongfabréck[änneren | Quelltext änneren]

D'Schwongrad vun der Transmissioun am Maschinneraum vun der Schungfabrik

Déi al Schongfabréck war 18×12 m grouss an huet aus zwéi Stäck bestanen, déi an 3×3 m grouss Aarbechtsplazen agedeelt waren. Do stoungen all Kéier dräi Maschinnen. D'Gebai hat ausser engem Büroraum och nach e Lift. Op der ëstlecher Säit gouf et nach e Motorraum, wou en Dieselmotor vun der Firma Benz & Co. vu Mannheim fir den Undriff vun de Maschinne gesuergt huet. Dëse 4-Takt-Dieselmotor Nr. 14814 huet 25 PS geliwwert.

D'Kraaft ass mat Transmissiounsrimmer op 34 Betribsmaschinnen iwwerdroe ginn. Folgend Handwierksmachinne stoungen an der Fabréck:

1. Stack nërdlech:

  1. 3 Suelestanzmaschinnen zu jee ½ PS
  2. Liederwalz ½ PS
  3. Rummeschneidmaschinn ¾ PS
  4. Kapeschärfmaschinn ¼ PS
  5. Talongsvirbaumaschinn ¼ PS
  6. Talongspress 1 ¾ PS
  7. Rummenofheftmaschinn ½ PS
  8. Iwwerhuelmachinn 4/5 PS
  9. Zwéckmaschinn 3/10 PS
  10. Rotéierend Uklappmaschinn 4/5 PS

1. Stack südlech

  1. Talongspoléiermaschinn ½ PS
  2. Uewerkantepoléiermaschinn ¼ PS
  3. Schnëttpoléiermaschinn ½ PS
  4. Talongsausglasmaschinn ¾ PS
  5. Talongsfräsmaschinn 2 PS
  6. Talongsfrontschneidmaschinn ½ PS
  7. Uewerfleckestëftmaschinn ½ PS
  8. Talongsnolemaschinn 2 ¼ PS
  9. Schnëttfräsmaschinn 1 ¾ PS
  10. Buedemausglasmaschinn 1 PS
  11. Glättmaschinn ½ PS
  12. 2 Holznolemaschinnen 3/5 PS
  13. Klamersuelenopheftmaschinn ¼ PS

2. Stack nërdlech

Hei waren:

  1. 6 Bitzmaschinnen zu 1/10 PS
  2. 1 Zouschneidmaschinn vun ½ PS an
  3. 1 Schläifmaschinn vun 3/5 PS opgestallt.

D'Geschäft huet floréiert, well 1917 ass d'Fabréck, an där scho 70 Fraen a Männer geschafft hunn, vergréissert ginn. Zu deem Zäitpunkt si Sécherheetsschong mat stolen Nuesen do gemaach ginn. D'Bridder Hubert haten eng Fabréck mat Qualitéitsschong geschaaft. Selbstverständlech hu si vun der Entwécklung an dem Opschwonk vun der Eisenindustrie a vum Biergbau profitéiert. D'Sécherheetsschong mat de stolen Nuese waren e grousse Bäitrag fir d'Sécherheet op der Aarbechtsplaz.

Wéi méi modern Schongforme gefrot goufen, war déi al Ariichtung net méi rentabel genuch.

1964 gouf d'Schongfabréck vun der Firma Romika iwwerholl. Duerch den Asaz vu moderne Maschinnen ass d'Zuel vun den Aarbechter op 37 erofgaangen. Schlussendlech gouf d'Schongfabréck schonn 2 Joer duerno, 1966 ganz zougemaach. Si war nach eng Zäit en Depot fir Bürosmiwwelen, ier se am Mäerz 1980 vun der Gemeng opkaf gouf. Si ass renovéiert ginn an heescht zanter dem 19. Januar 1990 offiziell "Centre culturel "Schungfabrik" vun der Gemeng Käl-Téiteng".

D'Schungfabrik nuets

Duerch eng Décision ministérielle vum 16. Mee 1984, gouf d'Schongfabréck als Nationalmonument klasséiert.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Inauguration du Centre Culturel Schungfabrik à Tétange. Publikatioun: Gemeng Käl | Dréckerei: Editpress Luxembourg 1990

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. (LuWo), 2015. Schungfabrik eine Nummer größer. Anbau des Kulturzentrums hat begonnen. Luxemburger Wort vum 25. November 2015.