Op den Inhalt sprangen

Schouster

Vu Wikipedia
E Schouster um Wierk

E Schouster oder Schongmécher[1] ass en Handwierker, dee Schong manuell produzéiert oder fléckt. Et ass e Beruff, deen hautdesdaags esou gutt wéi ausgestuerwen ass.

De Schouster huet a sengem Atelier geschafft oder ass – wéi aner Handwierker och – vun Duerf zu Duerf gaange fir seng Déngschter do unzebidden. Säin Aarbechtsgeschier war d'Schousteschbänk, Leeschten, Himmer, Zaangen, Messeren, asw.

D'Familljennimm Schuster oder Schumacher ginn op de Beruff zeréck.

Spréchwierder a Kannerreimer

[änneren | Quelltext änneren]
  • „Schouster, bleif bei dengem Leescht“ (jugéier net iwwer Saachen, déi s de net verstees.)
  • „Bekëmmer sech jidderee senger Saach, da fält weeder Schneider nach Schouster vum Daach“
  • Kannerreim: „Schouster bou, bou, fléck mer meng Schou,
    Schlo mer brav Neel dran, datt ech gutt lafe kann“.
  • Orlewski-Eyschen, Jacqueline, Duhr, Nicole et al. Et war een deemools net méisseg: Al Beruffer a Broutverdéngschter, Band 1. Itzig: RBS, 2009. ISBN 9782959972157
  • Orlewski-Eyschen, Jacqueline, Duhr, Nicole et al. Et war een deemools net méisseg: Al Beruffer a Broutverdéngschter, Band 2. Itzig: RBS, 2010. ISBN 9782959972167
 Commons: Schouster – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (de) „Schongmecher“. Wörterbuch der Luxemburgischen Mundart, digitalisierte Fassung im Wörterbuchangebot der Universität Luxemburg, Department of Humanities. dico.uni.lu. Gekuckt den 21.12.2025.