Kierch Keel

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Kierch vu Keel
Keel (Kierch).jpg
Uertschaft Keel
Par Keel
Numm / Patréiner Hl. Péitrus
Konsekratiounsjoer -
Parverband Käldall
Architekt(en) -
Kierchen - Kapellen
D'Keeler Kierch vun der rue du Commerce aus gekuckt
Priedegtstull aus dem Joer 1747

D'Kierch vu Keel ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Keel, zum Parverband Käldall, zu der Pastoralregioun Süden, zum Dekanat Beetebuerg an zu der Gemeng Keel gehéiert. Responsabel ass de Paschtouer Mum de la Croix Mundendi, (O. Praem)[1] Si steet op engem dräieckegen Terrain deen op de Längssäite vun den zwéin Äerm vun der Kierchestrooss (rue de l'église) an op der Breetsäit vum CR166 (rue du Commerce) ëmginn ass.

Si huet als Haaptpatréiner den Hellege Péitrus a Ketten lat. Sanctus Petrus ad Vincula, den éischte Poopst, an als Niewepatréienesch d'helleg Lucia, eng réimesch Jongfra a Märtyrerin.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Par Keel, fir d'Awunner Käl, ass ural an huet déi ganz Feudalzäit iwwer zum Äerzbistum Tréier, Archidiakonat Longuyon an Dekanat Lëtzebuerg gehéiert. Déi eelst Pare sinn am 8. Joerhonnert entstanen. Zu deene gehéiert och Keel.

D'Klaus zu Keel gëtt 1656 fir d'éischt ernimmt an 1786 op der Ferrariskaart gezeechent. D'Klaus war bis de 17. Februar 1774 bewunnt. 1783 sinn all Einsiidlereie vum Keeser Joseph II. opgehuewe ginn. Nëmmen den Numm „op der Klaus“ huet sech bis haut gehalen. - Haut ass op där Plaz de Keeler Kierfecht.

Keel ass eng vun deenen eelste Paren am Land a war ufanks eng Regionalpar, déi Keel, Téiteng, Rëmeleng, dat 1477 verschwonnent Duerf Morwé (duerno Uewertéiteng) entstanen, Schëffleng, Esch-Uelzecht, wuel och Lalleng an eng Onzuel verschidden Häff, wéi Besingerschéier, Kieweshaff, Miltgen, Hunnebësch, Nyderhaff, Scheierhaff, Héidengerscheier gehéiert hunn. Esch a Schëffleng goufe virun 1247 vun der Par ofgetrennt.

D'Parkierch stoung um St. Petersbierg, Klaus genannt. Wéi all Biergkierchen oder -kapellen hat och déi Kierch keen Tuerm awer eng Klack. 1628 heescht et datt Verwëllef vun der Parkierch Rëss huet a baufälleg ass. Kleng Fléckaarbechten hëllefen net vill. 1714 steet an engem Bericht: "D'Kierch ass an engem desolaten Zoustand". 1729 gëtt d'Lag sou bedreelech, datt kee Gottesdéngscht méi ofgehale gëtt a schonn dat Joer duerno fält tatsächlech de Chouer an e Koup.

De 26. November 1745 erklären d'Zéngtelhäre sech bereet, eng nei Parkierch ze bauen. 1747 gouf mam Neibau ugefaangen. D'Awunner hu gehollef Steng erbäizeschleefen. D'Baueren hu 700 Ween Steng a Sand, souwéi 30 Ween Kallek erbäibruecht. No zwee Joer (1747) war de Bau fäerdeg. Nëmmen den Tuerm an d'Sakristei hunn nach gefeelt. Fachleit hunn d'Maueren ënnersicht, an hu festgestallt, datt d'Fëllement ze enk an d'Kierch baufälleg ass! 1757 gouf de Chouer verankert. Am selwechte Joer ass d'Verwëllef an een Deel vun der Baussemauer zesummegefall. Keel war nees ouni Parkierch.

Téiteng a Rëmeleng, Uertschaften déi allebéid zur Keeler Gemeng gehéiert hunn, hu sech missen, obwuel se net wollten, um Bau vun der Keeler Kierch bedeelegen. No villen Ongereimtheeten (nozekucken am Buch "Kayl in der Geschichte" vum Chanoine Jos Dupong) ass déi nei Kierch 1761 fäerdeg. Den Tuerm an d'Sakristei ginn och gebaut. 1768 liwwert de Keeler Auermécher Conrad Schmit eng Auer fir den Tuerm.

Ausser der Parkierch um St. Petersbierg haten d'Pardierfer an all Duerf hir eege Kapell(chen), och Keel, Téiteng a Rëmeleng. Ronderëm déi Keeler Duerfkapell louch den Duerfkierfecht. Vun 1729 bis 1747 huet d'Kapell vu Keel als Parkierch gedéngt. Dunn ass si ofgedroe ginn, fir op derselwechter Plaz déi nei Parkierch opzebauen. Ausgruewunge vun 1934 loossen dat vermudden. Ausgruewungsstécker wéi: skulptéiert Hellegefiguren, Sockelen an stenge Rumme goufen an déi aktuell Parkierch mat agebaut. D'Schëff vun der Keeler Kierch war baufälleg ginn. Vun 1934 – 35 ass se do ëmgebaut ginn (kuckt heizou d'Fotoen). Déi lescht Mass ass den 8. Juli 1934 gefeiert ginn. An enger Rekordzäit ass de Neibau entstanen. Schonn de 15. August 1935 ass nees eng Mass zelebréiert ginn.

Bemierkung: Am Joer 1795 hunn d'Fransouse Lëtzebuerg iwwerfall an eruewert. Si hu Lëtzebuerg als Bëschdepartement anektéiert. Paschtéier, déi den Eed net wollte leeschten, goufe verfollegt. 1801 huet de Napoleon mam Poopst e Konkordat ofgeschloss. 1803 koum dunn eng kierchlech Neiuerdnung, wou Rëmeleng an Uewertéiteng vun der Par Käl getrennt goufen. De Grond war, well Keel vill ze wäit vu Rëmeleng ewech war, an d'Leit een ze laange Wee hate fir an d'Mass.

Kierchefënsteren[änneren | Quelltext änneren]

Chouerfënsteren[änneren | Quelltext änneren]

Zwou Fënstere sinn aus dem Atelier Linster & Simminger vu Munneref.

Si stellen d'helleg Famill, d'Rousekranzkinnigin mat dem Hl.Dominikus an Alphonsus, den Hl.Antonius vu Padua, deem d'Jesuskand erschéngt ass, an d'Iwwerdroe vun der Schlësselgewalt un de Péitrus.

D'Nimm vun de Stëfter sinn um Fouss vun der Fënster ze liesen: Famill Dondelinger-Etienne, Pf. Kaiffer an d'Schwëster Maria Mangen.

Am Transept[änneren | Quelltext änneren]

Am Transept sinn interessant a faarweprächteg Fënsteren.

Op der Männersäit (riets), ass déi flächeméisseg gréisst Kierchefënster aus dem Land (25 qm). Am Zentrum „d'Tréischterin am Leed“ Patréinesch vun der Stad a vum Land Lëtzebuerg. Weider fënnt een do déi Helleg aus der Heemecht: Mäerten, Schetzel, Theobald, Cunibert, Péiter vu Lëtzebuerg, Willibrord, d'Keeserpuer Heinrich a Kunigunde, Hubert, Lambert, Ursula an Amalberga. – Stëfter sinn d'Famill Thommes-Meyer an de Geeschtleche Ferd. Thommes.

Op der anerer Säit (lénks) bewonnere mir déi 19 qm grouss Christkinnekfënster. De Christkinnek trount op Wolleken iwwer dem Gehaansbierg zu deem senge Féiss déi al Käler Waasserbuerg steet. De Bëschof Nommesch an d'Groussherzogin Charlotte sinn um ënneschten Deel vun der Fënster ze gesinn. An de Säitendeeler vertrëtt eng Baueren- an eng Aarbechterfamill d'Haaptberuffer vun der Par. Si war en Don vun der Famill Angelsberg-Peiffer. Déi Fënster war während dem Krich nieft der Léiffrächen een Haaptunzéiungspunkt vu ville Pilger. D'Bild mat der Groussherzogin war wuel dat eenzegt am Land, dat während dem Krich an aller Ëffentlechkeet ze gesi war.

Déi fënnefdeeleg Fënster vun der Dafkapell gouf vun der Famill Welter-Schumacher gestëft.

D'Fënstere vum Schëff goufen 1894 gebaut, an 1935, nom Opbau vum neie Schëff vergréissert. Ausser dëse beschriwwene Fënstere sinn der nach an der Käler Kierch ze gesinn.

D'Uergel[änneren | Quelltext änneren]

D'Müller-Uergel gouf 2006 vun der Uergelmanufaktur Ulrich Lohmann vun Hamm a Westfalen restauréiert.

D'Klacken[änneren | Quelltext änneren]

Am Keeler Klackentuerm hänken 3 Klacken déi an den Téin gis'(sol), fis' (fa diese) an e' (mi).

Lëscht vun de Paschtéier[änneren | Quelltext änneren]

  • 1308 Pierre d'Aix
  • 1382 - 1395 Nicolaus von Esch
  • 1554 Sondag Schütz
  • 1560 Mathias Apper
  • 1560 Nicolaus von Lauterbach
  • 1570 Nicolaus Ludberchen
  • 1571 Nicolaus de Brehain
  • 1585 Claus Weiler
  • 1613 - 1628 Mathias d'Abweiler
  • 1628 Richard d'Alscheid
  • 1646 - 1677 Leonard Tommen
  • 1677 - 1684 Servatius Leonardi
  • 1685 - 1712 Peter Hoelt
  • 1712 - 1745 Johannes Baptist Warck
  • 1746 - 1762 François Laurent Marchal
  • 1763 - 1787 Jacob Behm
  • 1787 - 1811 Heinrich Fourmann
  • 1811 - 1813 Peter Trausch
  • 1813 - 1833 Christian Schumacher
  • 1834 - 1845 Johann Kirpach
  • 1845 - 1865 Nicolaus Leisen
  • 1865 - 1872 Julien Mullendorff
  • 1872 - 1874 Jean-Pierre Toussaint
  • 1874 - 1888 Johann Moes
  • 1888 - 1901 Johann Kaiffer
  • 1901 - 1913 Pierre Nommesch, 1920 zum Bëschof vu Lëtzebuerg geweit.
  • 1913 - 1920 Jean Pierre Kayser
  • 1920 - 1932 Nicolas Goedert
  • 1932 - 1957 Joseph Dupong
  • 1957 - 1959 Jean Pastoret
  • 1959 - 1974 René Carmes
  • 1974 - Fred Zimer
  • Laurent Fackelstein

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Keel – Biller, Videoen oder Audiodateien