Gemeng Rammerech

Vu Wikipedia
Rammerech
Coat of arms rambrouch luxbrg.png
Rambrouch town hall 2015-05.JPG
D'Gemengenhaus
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Rambrouch
de: Rambruch
Land Lëtzebuerg
Kanton Réiden
Buergermeeschter Toni Rodesch (CSV)
Awunner 4.589
  1 Januar 2021
Fläch 7.907,2762 ha[1]
Héicht 502 m
Koordinaten 49° 49’ 48’’ N
      05° 50’ 51’’ O
Websäit http://www.rambrouch.lu
Map Rambrouch.PNG
D'Gemeng Rammerech (orange) am Kanton Réiden (rout)

D'Gemeng Rammerech ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Réiden. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Rammerech vun där se och hiren Numm huet.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng[2][änneren | Quelltext änneren]

Uertschaften an der fréierer Gemeng Ueschdref:

Uertschaften an der fréierer Gemeng Bungeref:

Uertschaften an der fréierer Gemeng Folscht:

Uertschaften an der fréierer Gemeng Pärel:

Häff a Lieu-diten an der fréierer Gemeng Bungeref:

Häff a Lieu-diten an der fréierer Gemeng Folscht:

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Rammerech ass bei der Fusioun vun de virege Gemengen Ueschdref, Bungeref, Folscht a Pärel entstanen.

D'Fusioun gouf duerch e Gesetz vum 27. Juli 1978 festgehalen. (Mémorial A 46 vum 1. August 1978). Et war eng Transitiounsperiod an deem Gesetz virgesinn, déi vum 1. Januar 1979 bis den 31. Dezember 1981 gaangen ass.

An där Zäit huet de Gemengerot aus dem Buergermeeschter, 4 Schäffen, an de Gemengeréit aus den ale Gemenge bestanen. Am Fall wou e Gemengerot sollt ewechfalen, sollt en net méi ersat ginn.

Haut besteet de Gemengerot aus 11 Gemengeréit. De Schäfferot besteet aus dem Buergermeeschter an 2 Schäffen.

Entwécklung vun der Awunnerzuel[änneren | Quelltext änneren]

Quell:STATEC

Wopen[änneren | Quelltext änneren]

Busgare Um Pull zu Rammerech

D'Gemeng Rammerech krut hire Wopen de 15. Mee 1981.

Déi offiziell Beschreiwung: De sable, à la quintefeuille feuillée d'or, chapé d'or à deux losanges de sable, au chef d'azur à la perle en poire d'argent, sertie et annelée d'or, accostée de deux croisettes d'argent.

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Gemengewalen 1993[änneren | Quelltext änneren]

  • Sektioun Ueschdref: Antoine Rodesch, Paul Schaack
  • Sektioun Bungeref: Joëlle Godefroy, Jean-Pierre Hollerich
  • Sektioun Folscht: Joseph Claren, Jean-Claude Kerger, Nicolas Rasqué, Ferdinand Unsen
  • Sektioun Pärel: Nicolas Bolmer, Jean Kettel, Camille Leick, Alphonse Reiser, Camille Schrenger

Gemengewalen 1999[änneren | Quelltext änneren]

De Centre Culturel zu Rammerech
  • Sektioun Ueschdref: Antoine Rodesch
  • Sektioun Bungeref: Joëlle Godefroy, Jean-Pierre Hollerich
  • Sektioun Folscht: Justin Kayser, Nicolas Rasqué, Fernand Ugen, Ferdinand Unsen
  • Sektioun Pärel: Joseph Colas, Jean Kettel, Camille Leick, John Picard, Carlo Plier, Alphonse Reiser

Gemengewalen 2005[änneren | Quelltext änneren]

Zanter 2005 ass d'Gemeng Rammerech eng Proporzgemeng. Bei de Gemengewale vum 9. Oktober 2005 hate sech 4 Parteien der Wal gestallt: d'CSV, d'DP, d'Fräi Lëscht Gemeng Rammerich [sic] (FLGR) an d'LSAP. Follgend Leit si gewielt ginn: Mike Bolmer (CSV), Jean-Pierre Hollerich (CSV), Jean-Paul Leick (FLGR), Marcel Maack (LSAP), Carlo Plier (FLGR), Nicolas Rasqué (FLGR), Claude Reiter (FLGR), Antoine Rodesch (CSV), Paul Schaack (DP), Marie-Anne Thommes (CSV), Ferd Unsen (FLGR).

No de Walen hunn d'CSV, d'DP an d'LSAP eng Koalitioun gebilt mam Antoine Rodesch (CSV) als Buergermeeschter an den zwéi Schäffe Marcel Maack (LSAP) a Paul Schaack (DP).

Gemengewalen 2011[änneren | Quelltext änneren]

Bei de Gemengerotswale vum 8. Oktober 2011 hate sech 4 Parteien der Wal gestallt: d'CSV, d'DP, d'Fräi Lëscht Gemeng Rammerich (FLGR) an d'LSAP. Follgend Leit si gewielt ginn: Tom Ansay (CSV), Daniel Gregorius (FLGR), Jean-Pierre Hollerich (CSV), Jean-Paul Leick (FLGR), Marcel Maack (LSAP), Myriam Picard (LSAP), Nicolas Rasqué (FLGR), Antoine Rodesch (CSV), Paul Schaack (DP), Marie-Anne Thommes (CSV), Ferdinand Unsen (FLGR). No de Walen hunn d'CSV an d'FLGR eng Koalitioun gebilt mam Antoine Rodesch (CSV) als Buergermeeschter an den zwéi Schäffe Ferdinand Unsen (FLGR) a Marie-Anne Thommes (CSV).

De Ferdinand Unsen (FLGR) huet sech am Juni 2014 aus dem Gemengerot zréckgezunn. Den Nicolas Rasqué (FLGR) gouf am August 2014 a senger Plaz als Schäffe vereedegt. Am Oktober 2014 ass de Norbert Pletschette (FLGR) nogeréckelt.

Nodeems den Daniel Gregorius (FLGR) sech Enn 2014 aus dem Gemengerot zréckgezunn huet, ass de Frank Melchior (FLGR) fir hien Enn Januar 2015 nogeréckelt.

Nom Doud vum Paul Schaack (DP) gouf de Guy Wanderscheid (DP) den 8. Juli 2015 als neie Gemengeconseiller vereedegt.

Gemengewalen 2017[änneren | Quelltext änneren]

Bei de Gemengerotswale vum 8. Oktober 2017 hate sech 3 Parteien der Wal gestallt: d'CSV, d'DP an d'LSAP. Follgend Leit si gewielt ginn: Jean-Paul Baudot (CSV), Myriam Binck (CSV), Mike Bolmer (CSV), Sonja Kettmann (CSV), Marcel Maack (LSAP), Guy Molitor (DP), Myriam Picard (LSAP), Pierre Pletschette (CSV), Antoine Rodesch (CSV), Patrick Schuller (LSAP) a Guy Wanderscheid (DP).

Well de Marcel Maack no de Walen op säi Mandat am Gemengerot verzicht huet, ass de Sascha Hengen (LSAP) fir hien nogeréckelt.

D'CSV huet déi absolut Majoritéit am Rammerecher Gemengerot. Buergermeeschter ass den Antoine Rodesch (CSV) a Schäffe sinn d'Myriam Binck (CSV) an de Mike Bolmer (CSV).

Nom onerwaarten Doud vum Jean-Paul Baudot (CSV) am Juli 2018 ass de Frank Melchior (CSV) fir hien an de Gemengerot nogeréckelt.

Den 30. Januar 2020 huet de Guy Wanderscheid aus private Grënn seng Demissioun aus dem Gemengerot bekannt ginn. Well de Jeff Hoffmann als Nächstgewielten op säi Mandat verzicht huet, ass de Romain Rausch am Mäerz als neien DP-Conseiller am Gemengerot vereedegt ginn.

No dem Récktrëtt aus perséinleche Grënn am Fréijoer 2021 vum DP-Conseiller Guy Molitor, ass d'Michelle Brickler fir hien nogeréckelt.

Am Dezember 2022 huet de Patrick Schuller (LSAP) seng Demissioun aus dem Rammerecher Gemengerot ugekënnegt. Am Februar 2023 gouf hien duerch d'Marie-Louise Kettel ersat.

Joer CSV DP FLGR LSAP
2005 4 1 5 1
2011 4 1 4 2
2017 6 2 - 3

FLGR: Fräi Lëscht Gemeng Rammerech. Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu

Den Napoleonsgaart

Interkommunal Syndikater[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Rammerech ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rammerech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Donnéeën déi d'Fläch vun enger Gemeng oder enger Uertschaft betreffen, sou wéi s'an dësem Artikel stinn entspriechen deenen aus der Datebank vum Kadaster um Stand vum 25. September 2009.
  2. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.