Syndicat de distribution d'eau des Ardennes

Vu Wikipedia
Syndicat de distribution d'eau des Ardennes
Eng gefaasst Quell vun der DEA um Lieu-dit Béik zu Kaalmes an der Gemeng Sëll
Secteur Drénkwaasser
Verwaltungssëtz Wolz
Membergemengen Bauschelt, Buerschent, Klierf, Colmer-Bierg, Ell, Ierpeldeng op der Sauer, Esch-Sauer, Feelen, Géisdref, Groussbus, Kiischpelt, Mäerzeg, Parc Housen, Préizerdaul, Pëtschent, Rammerech, Sëll, Schieren, Stauséigemeng, Tandel, Ëlwen, Useldeng, Veianen, Viichten, Wal, Wäiswampech, Wolz, Wanseler, Wëntger
Gegrënnt 13. Juni 1929
Websäit http://www.dea.lu/

D'Distribution d'eau des Ardennes (DEA) ass en interkommunale Waassersyndikat am Norde vu Lëtzebuerg. D'Statute vum Syndikat goufe mam Arrêté grand-ducal vum 3. Dezember 2011 ugeholl[1].

Un d'DEA ugeschloss sinn 29 Gemengen[2], dat sinn all d'Gemengen aus dem Éislek an e puer Gemengen aus dem Norde vum Guttland.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Syndikat gouf den 13. Juni 1929 ënnert dem Numm „Kommunalverband für den Betrieb und Unterhalt der Ardenner Wasserleitung“ vu séngerzäit 21 Gemenge gegrënnt[3]. Am Laf vun de Joren koumen nach weider Gemengen, Uertschaften oder Sektioune bäi.

Vun 1947 u gëtt an de jeeweilegen Arrêté grand-ducallen den ursprénglech däitschen Numm vum Syndikat duerch „Syndicat pour l'exploitation et l'entretien de la Conduite d'eau Intercommunale des Ardennes“ ersat. An den "nei Statute" vun 2011 gëtt den Numm vum Syndikat als „Distribution d'eau des Ardennes“ mam Kuerznumm „DEA” festgehalen[4].

Wou d'Drénkwaasser hierkënnt[änneren | Quelltext änneren]

D'DEA bezitt d'Waasser aus[5]:

  • Quellen an de Gemenge Sëll a Biekerech (tëscht 20 - 25 % vun der ganzer Versuergung[6])
  • dem Grondwaasser (nappe phréatique) zu Useldeng (25 - 30 %[7]).

Déi aner 50% vun der Versuergung gi vum SEBES geliwwert, e Syndikat un deem d'DEA mat 12,5% vum Kapital bedeelegt ass[5].

Infrastruktur[änneren | Quelltext änneren]

D'Installatioune vun der DEA bestinn aus 20 regionale Reservoiren, 13 Pompelstatiounen a 466 Kilometer Waasserleitungen. Donieft gëtt et 160 lokal Reservoiren an den 29 Membergemengen. Fir d'Waasserverdeelung an den Uertschafte sinn d'Gemenge selwer verantwortlech[5].

D'Haaptpompelstatioun an aner Installatioune vun der DEA sinn zu Useldeng, de Verwaltungssëtz ass zu Wolz[4].

Lëscht vun de Gemengen déi un d'DEA ugeschloss sinn[änneren | Quelltext änneren]

Vun Norden no Süde si follgend Gemenge Member vun der DEA:

.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Muller, N., 2019. Wasserdichte Argumente. Syndikat DEA bleibt auch nach 90 Jahren eine feste Größe in der Trinkwasserversorgung des Landesnordens. Luxemburger Wort vum 9. November 2019, S. 48

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Arrêté grand-ducal du 3 décembre 2011 portant approbation des nouveaux statuts du Syndicat de Distribution d'Eau des Ardennes, en abrégé «DEA». data.legilux.public.lu (03.12.2011). Gekuckt de(n) 03.08.2020.
  2. An de Statute (Art. 6) vun 2011 si 36 Membergemengen ernimmt; duerch Fusioune gëtt et d'Gemengen Eschweiler, Heischent, Hengescht, Houschent, Konstem, Néngsen an Néngsen awer an der Tëschenzäit net méi.
  3. Arrêté grand-ducal du 13 juin 1929 portant création d'un syndicat de communes pour l'exploitation et l'entretien de la conduite d'eau des Ardennes. legilux.public.lu (13.06.1929). Gekuckt de(n) 03.08.2020.
  4. 4,0 4,1 Arrêté grand-ducal du 3 décembre 2011 portant approbation des nouveaux statuts du Syndicat de Distribution d'Eau des Ardennes, en abrégé «DEA». legilux.public.lu (16.12.2011). Gekuckt de(n) 03.08.2020.
  5. 5,0 5,1 5,2 Websäit vun der DEA
  6. d'DEA schreift op hirer Websäit engersäits 25% (Kapitel Présentation) an anersäits 20% (Kapital Patrimoine - Sources) (gekuckt den 3. August 2020)
  7. op der Websäit steet engersäits 25% (Kapitel Présentation) an anersäits 30% (Kapital Patrimoine - Forages) (gekuckt den 3. August 2020)
Interkommunal Syndikater
Am Haff | An der Schwemm | BILLEK | CM-Nord | De Réidener Kanton | DEA | Ecole de musique du canton de Redange | Ecole régionale Uewersauer | FILANO | HIS | Les Thermes | Maintien à domicile-Medernach | MINETT-KOMPOST | Naturpark Uewersauer | Naturpark Our | Pidal | PIMODI | PRO-SUD | Réidener Schwemm | Résidence des Ardennes Clervaux | Schoulkauz | SEBES | SEC | SES | SESE | SESF | SIACH | SIAEE | SIAEG | SIAER Triangle Vert | SIAS | SICA | SICEC | SICLER | SICONA Sud-Ouest | SICONA-Centre | SICOSPORT KAYLDALL | SIDEC | SIDEN | SIDERE | SIDERO | SIDEST | SIDOR | SIFRIDAWE | SIGI | SIGRE | SIKOR | SISPOLO | SIT | SITEG | SIVEC | SPIC | STEP | SYCOPAN | SYCOSAL | Syndicat Müllerthal | SYNECOSPORT | Syrdall Schwemm | SYVICOL | TICE | ZAMID | ZANO | ZARE | ZARO | ZARW