Gemeng Parc Housen

Vu Wikipedia
Gemeng Parc Housen
d'Märei vun der Gemeng Parc Housen
An anere Sproochen fr: Parc Hosingen
de: Parc Hosingen
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Klierf
Chef-lieu Housen
Buergermeeschter Romain Wester
Awunner 4.036
  1. Januar 2023
Fläch 7.065 ha
Koordinaten 50° 00’ 52.95’’ N
      06° 05’ 28.63’’ O
LAU-Code LU0503
Websäit http://www.hosingen.lu/
D'Schoul vun der Gemeng Parc Housen

D'Gemeng Parc Housen ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Klierf. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Housen.

D'Gemeng ass den 1. Januar 2012 aus der Fusioun vun de Gemengen Houschent, Housen a Konstem entstanen. Si ass vun der Fläch hier déi véiertgréisst Gemeng am Land.

D'Fusioun gouf am Juli 2010 an engem Referendum vun enger Majoritéit vu 77 % vun de Wieler guttgeheescht[1], an duerch d'Fusiounsgesetz vum 24. Mee 2011 konsolidéiert[2].

Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng[3][änneren | Quelltext änneren]

Uertschaften an der fréierer Gemeng Houschent:

Uertschaften an der fréierer Gemeng Housen:

Uertschaften an der fréierer Gemeng Konstem:

Häff a Lieu-diten an der fréierer Gemeng Houschent:

Häff a Lieu-diten an der fréierer Gemeng Housen:

Häff a Lieu-diten an der fréierer Gemeng Konstem:


Politik[änneren | Quelltext änneren]

Duerch d'Fusiounsgesetz vum 24. Mee 2011 gouf déi politesch Struktur vun der Gemeng follgendermoosse festgeluecht:

De Schäfferot besteet aus dem Buergermeeschter an dräi Schäffen. No de Gemengewale vun 2023 gëtt et nach just zwéi Schäffen. De Gemengerot besteet an der Walperiod vum 1. Januar 2012 bis den 31. Dezember aus 15 Conseilleren, respektiv 13 an där duerno. Bei de Wale vun 2023 gëtt d'Zuel vun de Conseilleren de Reglementer vum Walgesetz ugepasst. Den éischte Gemengerot gouf an de Wale vum 9. Oktober 2011 nom Majorzsystem an de Sektioune Konstem, Houschent an Housen gewielt.

Buergermeeschteren[änneren | Quelltext änneren]

  • 2011-2017: Jacquot Heinen
  • zanter 2017: Romain Wester

Gemengenhaiser[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemengenhaus vu Parc Housen gouf 2019 a Betrib geholl. Et ass e Multifunktionsgebai, dat aus zwéin Trakte besteet, ee fir d'Administratioun an ee fir déi technesch Servicer. Et läit Op der Héi, nieft dem Kultur- a Rettungszentrum. D'Bauaarbechten hunn annerhalleft Joer gedauert an eng 9,8 Milliounen Euro kascht. Virdrun ass de Gemengerot vun der fusionéierter Gemeng am Festsaal A Meesch zu Wuelessen zesummekomm.[4]

Iwwerdeems gouf d'Gemengenhaus vun der fréierer Gemeng Housen, zesumme mam Par- a mam Schwësterhaus niewendrun, fir 15 Milliounen Euro renovéiert, a gëtt verschiddene Sozialservicer zur Dispositioun gestallt, dorënner de Resonord.

D'Gemengenhaus vun der fréierer Gemeng Konstem gëtt, nodeems et e puer Joer eng Filial vun der Gemeng Parc House war, ewell als Veräinsbau an Agence vun engem mobile Fleegeservice benotzt.

Dat vun der fréierer Gemeng Houschent war och kuerz eng Filial vu Parc Housen, an ass zanterhier un den interkommunalen Informatiounssyndikat SIGI verlount.

Déi dräi fréier Gemengenhaiser

Interkommunal Syndikater[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Parc Housen ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bosseler, Nicolas: Hoscheid auf der Strass: Entwicklungsgeschichte einer Gemeinde durch eine vielhundertjährige Epoche, Gemeng Houschent 1978.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gemeng Parc Housen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Referendum: Aus Housen, Houschent a Konstem gëtt Parc Housen rtl.lu
  2. Fusiounsgesetz vum 24. Mee 2011 Archivéiert op 2013-10-19. Gekuckt de(n) 2011-10-13.
  3. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  4. Quell vun dësem Kapitel, wou net anescht uginn: "Rathaus-Geschichten: Hosingen." wort.lu, 21.12.2020.