Gemeng Wäiswampech

Vu Wikipedia
Gemeng Wäiswampech
Wanterlech Landschaft an der Gemeng Wäiswampech
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Weiswampach
de: Weiswampach
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Klierf
Chef-lieu Wäiswampech
Buergermeeschter Claude Daman
Awunner 2.313
  1. Januar 2023
Fläch 3.525 ha
Héicht 492 m
Koordinaten 50° 08’ 20’’ N
      06° 04’ 30’’ O
LAU-Code LU0505
Websäit http://www.weiswampach.lu/
Wäiswampech
Wäiswampech den 31. Dezember 2018

D'Gemeng Wäiswampech ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Klierf. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Wäiswampech vun där se och hiren Numm huet.

Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng[änneren | Quelltext änneren]

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Wäiswampech läit an der nërdlecher Spëtz vum Land, am Kanton Klierf a grenzt nieft der belscher Grenz am Norden an Osten un d'Gemenge Ëlwen am Westen, Klierf am Süden an am Süd-Westen. Mat engem Héichtenënnerscheed vu 519 op 450 m läit d'Gemeng deelweis op engem fielsegen Héichplateau, ëmgi vu Mësch- a Bichebëscher a Fiichtemonokulturen, tëscht dem Ourdall an enken Däller vun de wellefërmegen Héichflächen. Duerch d'Schafe vun zwéi kënschtleche Séien an der Uertschaft Wäiswampech huet d'Gemeng en touristeschen Opschwonk erlieft.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am 20. Joerhonnert ass d'Awunnerzuel vum Ufank bis an d'1970er Joren ëm d'Hallschecht erofgaangen. Dono goung se nees no uewen, wat ufanks duerch den Tanktourismus an d'Bankfilialen, déi sech op eng belsch Clientèle spezialiséiert haten, zeréckzeféiere war.

Tëscht 2006 an 2016 goung d'Bevëlkerungszuel vun 1.232 op 1.756 erop. Haut gëtt et do eng sëllege Betriber, déi sech an de leschte Joren niddergelooss hunn: Fiduciairen, Logistiksentreprisen, Holdingen, Geschäfter, ma och vill Kleng- a Mëttelbetriber am Handwierks- oder Informatiksberäich. Eng 2000 Leit, dorënner vill Frontalieren aus der Belsch, schaffen do[1].

Interkommunal Syndikater[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Wäiswampech ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

D'Gemeng ass zanter dem 4. August 2017 Member vum Klimapakt[2], awer - als eenzeg Gemeng am Kanton Klierf - net Member vum Naturpark Our[3].

Entwécklung vun der Awunnerzuel[änneren | Quelltext änneren]

Quell:STATEC

Wopen[änneren | Quelltext änneren]

Beschreiwung am Originaltext:

d'azur à la bande vivrée d'or, accompagnée en chef d'un lion du même, armé et lampassé du gueules, en pointe d'un cor d'or virolé de gueules
D.C. 15. Juni 1979 - A.M. 20. Juli 1979 - Mémorial B 1979, Säit 908 - Projet: 1979 Jean-Claude Loutsch

Politik[änneren | Quelltext änneren]

De Gemengerot vun der Gemeng Wäiswampech gëtt nom Majorzsystem gewielt.

Buergermeeschteren[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Bekannt Leit aus der Wampecher Gemeng[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Berbeć, S., 1992. Approche typologique de l'architecture rurale au grand-duché de Luxembourg. Publications nationales. Ministère des affaires culturelles. 169 S. ISBN 2-87984-002-3. (Cf. Wäiswampech S. 41-60).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wäiswampech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Bernard Thomas: "World Wide Weisswampach." d'Lëtzebuerger Land Nr.9, 3. Mäerz 2017, S.9.
  2. Communes engagées dans le Pacte Climat. pacteclimat.lu. Gekuckt de(n) 21.07.2020.
  3. Naturpark Our - Mitgliedsgemeinden. naturpark-our.lu. Gekuckt de(n) 21.07.2020.