Henri Rinnen (Politiker)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Politiker Henri Rinnen. Fir de Sprooch- an Naturfuerscher, kuckt wgl. Henri Rinnen (Sproochfuerscher).
Henri Rinnen
Gebuer 18. Juli 1948
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Entreprener, Politiker

Den Henri Rinnen, gebuer den 18. Juli 1948, ass e lëtzebuergesche Geschäftsmann am Logistikberäich a Lokalpolitiker (DP).

Hien ass zanter 1995 Buergermeeschter vun der Gemeng Wäiswampech. 1988 war hien do fir d'éischt an de Gemengerot gewielt ginn. Bei de Gemengewalen 2023 huet hien net méi kandidéiert.[1]

Den Henri Rinnen, vu Formatioun Mecanicien, huet 1970 eng Speditiounsfirma gegrënnt, an ass selwer 15 Joer laang mat Camionen doruechter gefuer. Hien ass Aktionär vu verschiddenen Transportentreprisë mat am Ganzen enger 120 Camionen.[2]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Nadine Schartz: "Vier Bürgermeister aus Majorzgemeinden treten nicht mehr an." wort.lu [w+], 28.04.2023.
  2. Quell, wou net anescht uginn: Bernard Thomas: "World Wide Weiswampach". In: d'Lëtzebuerger Land Nr. 9, 3. Mäerz 2017, S.9. Och op land.lu.