Paul-Henri Meyers
Ausgesinn
Paul-Henri Meyers | |
---|---|
Gebuer |
1. Januar 1937 Bënzelt |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | CSV |
De Paul-Henri Meyers, gebuer den 1. Januar 1937 zu Bënzelt, ass e lëtzebuergeschen Affekot a Politiker (CSV).
Vun 1982 bis 1999 war hie President vun der Privatbeamtepensiounskees.
Vun 1985 bis 1999 war de Paul-Henri Meyers Member vum Staatsrot.
Hien ass zanter dem 12. August 1999 Deputéierten an der Chamber, wuer en zanterhier all Kéier, fir d'lescht 2013, erëmgewielt gouf.
Vum 14. Juni 1982 bis den 18. Februar 2011 war hie Member vum Gemengerot an der Stad Lëtzebuerg, wou hien du vum Claudine Konsbruck ersat gouf. Vum 6. Januar 1997 bis den 28. November 2005 war hien do, als Schäffen, Member vum Schäfferot.
Vun 1999 bis 2023 war hie President vun der Stëftung Hëllef doheem.[1]
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Grand-Officier de l'Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 1996)[2]