Claudine Konsbruck

Vu Wikipedia
Claudine Konsbruck
Gebuer 14. September 1966
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Jurist, Politiker
Partei CSV

D'Claudine Konsbruck, gebuer de 14. September 1966 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass eng lëtzebuergesch Juristin a Politikerin (CSV).

Si schafft als Regierungsconseillère am Justizministère.

Bei de Gemengewale vum 9. Oktober 2011 gouf si an de Stater Gemengerot gewielt a bei deene vum 9. Oktober 2017 erëmgewielt.

Si war bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 Kandidatin op der Lëscht vun der CSV am Walbezierk Zentrum, gouf awer net direkt gewielt. Den 30. Juni 2018 ass si fir de Marcel Oberweis kuerz als Deputéiert nogeréckelt, nodeems dee säi Mandat opginn huet.[2] Bei de Walen am Oktober dat Joer gouf si net erëmgewielt.

D'Claudine Konsbruck ass Mamm vun 3 Kanner a Presidentin vun der Initiativ Rëm Schaffen.[2]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Fiche op paperjam.lu.
  2. 2,0 2,1 "Chamber: Marcel Oberweis geet, Claudine Konsbruck kënnt." rtl.lu, 06.01.2018, 07:03:23.