Lausduer
| Lausduer om Lausduarre(n) | |
|---|---|
|
Um Lausduer, a Richtung Norden | |
| Aussprooch | |
| An anere Sproochen |
fr: Lausdorn de: Lausdorn |
| Land | Lëtzebuerg |
| Kanton | Klierf |
| Gemeng |
|
| Buergermeeschter |
Georges Keipes Néckel Polfer |
| Awunner |
18 (Klierf)[1], 4 (Wäiswampech)[2] |
| 1. Januar 2022 | |
| Héicht | 503 m |
| Koordinaten |
50° 07’ 07.00’’ N 06° 04’ 59.45’’ O |
| Postcode | 9968 |
|
| |

De Lausduer [lokal: om Lausduarre(n)[3]] ass e Lieu-dit op der Nordstrooss, tëscht Hengescht a Wäiswampech.
Den nërdlechen Deel läit an der Gemeng Wäiswampech, iwwerdeems de südlechen Deel zanter Enn 2011 zur Gemeng Klierf gehéiert. Virdrun huet en zur Gemeng Hengescht gehéiert ier déi – zesumme mat Munzen – bei d'Gemeng Klierf geprafft gouf.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]De Lausduer läit westlech vun der N7, op enger Héicht vu ronn 503 Meter a besteet aus ronn enger hallwer Dosen Haiser, déi op dem alen Deel vun der Nordstrooss leien, déi an den 1970er-Joren nei nivelléiert a riichtgezu gouf.
Dat eenzegt Haus an der Gemeng Wäiswampech huet d'Adress 3 Lausduarre; d'Haiser aus der Gemeng Klierf si just nummeréiert (1, 2, 4 a 6). Den eenheetleche Postcode ass den 9968.
Trivia
[änneren | Quelltext änneren]Den Numm Lausduer krut am Abrëll 2018 e bësse méi Bekanntheet nodeems et bei enger Poursuite zu engem Autosaccident koum an dobäi zwéi Poliziste leie bliwwen sinn an dräi anerer blesséiert goufen[4][5].
Biller
[änneren | Quelltext änneren]- De Café-Restaurant an der Gemeng Klierf…
- an dat eenzegt Haus an der Gemeng Wäiswampech.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Lausduer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr) Statistiques sur la population. www.clervaux.lu (01.07.2021) Archivéiert den 09.07.2021. Gekuckt de 04.07.2021.
- ↑ (fr) Habitants par localité. www.weiswampach.lu (31.12.2020) Archivéiert den 20.07.2021. Gekuckt de 04.07.2021.
- ↑ Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert den 11.08.2020. Gekuckt de 14.06.2020.
- ↑ (de) Polizist stirbt bei Verfolgungsjagd: Fluchtfahrer wegen fahrlässiger Tötung angeklagt. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (14.04.2018) Archivéiert den 09.07.2021. Gekuckt de 04.07.2021.
- ↑ (fr) Une policière meurt six ans après avoir été victime d’un accident à Lausdorn. Virgule (09.04.2024) Archivéiert de 14.04.2024. Gekuckt den 30.09.2025.
