FILANO

Vu Wikipedia
Filano
Syndicat intercommunal pour la construction, l'exploitation et l'entretien d'un hall sportif des communes de Fischbach, Larochette et Nommern
Secteur Schwammsport, Sport
Leedung Fränk Daems
Verwaltungssëtz Fiels
Membergemengen Fëschbech, Fiels, Noumer
Gegrënnt 18. November 1997
Websäit https://centresportiffilano.wixsite.com/website/syndicat


FILANO ass en interkommunale Syndikat zu deem d'Gemenge Fëschbech, Fiels an Noumer gehéieren. Et ass en Akronym vun de franséischen Nimm vun de Gemenge Fischbach, Larochette, an Nommern.

De Syndikat gouf den 18. November 1997 gegrënnt, mat dem Zil sech ëm de Bau an d'Gestioun vun engem Sportzenter mat Schwämm ze bekëmmeren[1].

Den Zenter gouf den 11. Mee 2001 um Flouer Birkelt bei der Fiels ageweit.

Finanzement[änneren | Quelltext änneren]

Bau an Equipement[änneren | Quelltext änneren]

Opdeelung vun de Fraise ënnert de Gemengen:

Sportshal Schwämm
Fëschbech 20% 8%
Fiels 50% 24%
Noumer 30% 12%
Partnergemengen --- 56%

Lafend Käschten[änneren | Quelltext änneren]

D'Käschte vun der Sportshal ginn exklusiv vun de Membergemenge gedroen, iwwerdeems d'Schwämm ongeféier zur Hallschent zu Laaschte vun de Membergemenge geet an de Rescht vun de Partnergemengen iwwerholl gëtt, déi eng Konventioun vun op d'mannst 20 Joer mam Syndikat ofgeschloss hunn.

Interkommunal Syndikater
Am Haff | An der Schwemm | BILLEK | CM-Nord | De Réidener Kanton | DEA | Ecole de musique du canton de Redange | Ecole régionale Uewersauer | FILANO | HIS | Les Thermes | Maintien à domicile-Medernach | MINETT-KOMPOST | Naturpark Uewersauer | Naturpark Our | Pidal | PIMODI | PRO-SUD | Réidener Schwemm | Résidence des Ardennes Clervaux | Schoulkauz | SEBES | SEC | SES | SESE | SESF | SIACH | SIAEE | SIAEG | SIAER Triangle Vert | SIAS | SICA | SICEC | SICLER | SICONA Sud-Ouest | SICONA-Centre | SICOSPORT KAYLDALL | SIDEC | SIDEN | SIDERE | SIDERO | SIDEST | SIDOR | SIFRIDAWE | SIGI | SIGRE | SIKOR | SISPOLO | SIT | SITEG | SIVEC | SPIC | STEP | SYCOPAN | SYCOSAL | Syndicat Müllerthal | SYNECOSPORT | Syrdall Schwemm | SYVICOL | TICE | ZAMID | ZANO | ZARE | ZARO | ZARW

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Arrêté grand-ducal du 10 juillet 2006 portant approbation des nouveaux statuts du Syndicat intercommunal pour la construction, l'exploitation et l'entretien d'un hall sportif des communes de Fischbach, Larochette et Nommern, en abrégé «FILANO». legilux.public.lu (09.08.2006). Gekuckt de(n) 04.08.2020.