Halifax-Bomber-Crash bei Rammerech

Vu Wikipedia
D'Plaz bei Rammerech wou den Halifax-Bomber ofgestierzt ass. Virum Kräiz: Stécker vum Fliger
D'Griewer vun deenen dräi engleschen Zaldoten um Kierfecht zu Rammerech
Plack op der Mauer vum Kierfecht zu Rammerech

An der Nuecht vum 9. September 1942 ass den Halifax-Bomber W7677 vun der Royal Air Force (R.A.F.), deen zu Frankfurt am Main bei enger Bomberattack vun der däitscher Flak getraff an duerno Feier gefaangen hat, um Wee zeréck no England, bei Rammerech an engem Bësch ofgestierzt. Dobäi ass de Fliger explodéiert an ausgebrannt.

Véier vun deene siwe Besatzungsmembere konnte sech net wäit vu Rammerech mam Fallschierm retten, déi dräi aner si mam Fliger ofgestierzt an dobäi ëm d'Liewe komm.

D'Läiche vun deenen dräi Aviateure goufe vun den Däitschen um Kierfecht zu Rammerech begruewen. Nom Krich kruten hir Griewer jee en englesche Grafsteen.

Op der Plaz vum Accident huet nom Krich de Martin Scheeck, dee Muerges nom Crash op der Plaz war, e Kräiz aus Waasserleitungsréier opgeriicht, op deem d'Nimm vun deenen dräi Verongléckte gravéiert sinn. Virum Kräiz huet hie Stécker vum Fliger zesummegedroen. Dëst klengt Monument besteet bis haut (2010). Och kann een 2010 nach ëmmer kleng Aluminiumstécker vum Fliger am Ëmkrees vun der Onglécksplaz fannen.

Den 10. Oktober 1992 gouf bei der Gemeng zu Rammerech e Monument zu Éiere vun deenen dräi Verongléckten ageweit.

Nom Krich gouf de Kierfecht vu Rammerech als Commonwealth-Graf deklaréiert.

Historique[änneren | Quelltext änneren]

  • Den 8. September 1942 ass géint 21 Auer dat 102. Bombergeschwader vun der Royal Air Force vum Fluchfeld vu Pocklington am Ost-Yorkshire fortgeflunn, fir Frankfurt am Main ze bombardéieren. D'Geschwader huet aus Handley Page Halifax-Bombere B Mk II bestanen, wouvu jiddweree 5.000 kg Bomme gelueden hat. Déi 4-motoreg Fligeren hate jiddweree siwe Mann u Bord. De Bomber 7677 gouf iwwer Frankfurt vun der däitscher Flak getraff an ee vun de Motoren huet Feier gefaangen.
  • Kuerz no Hallefnuecht hunn d'Awunner vu Rammerech e Fliger héieren, dee mat fierchterlechem Kaméidi vum Napoleonsgaart eriwwer an niddreger Héicht iwwer d'Duerf geflunn ass. Ronn 1 km nordwestlech vu Rammerech ass de Bomber dunn um Lieu-dit am Buuscht an enger jonker Fiichteplanzung ofgestierzt.
  • Virum Crash konnte 4 vun de 7 Männer sech mam Fallschierm retten. Déi 3 aner koumen net aus dem Fliger eraus a si beim Crash ëmkomm (de Pilot a Sgt. F.H.J. Farewell, 27 Joer; den Navigator a Sgt. J.G. Phillips, 25 Joer, an de Funker a Sgt. O.K. Barclay, 25 Joer).
Vun deene véier Zaldoten déi iwwerlieft hunn, konnten der zwéin, ouni Hëllef - si woussten net, datt si net méi an Däitschland waren -, bis an d'Belsch respektiv a Frankräich marschéieren, wou si vu Resistenzler bis op Gibraltar bei hir Truppe gefouert goufen.
Déi aner zwéi goufe vun der däitscher Arméi gefaange geholl a koumen a Lageren an Däitschland.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]