Monument vum Halifax NA166 H7-G

Vu Wikipedia
Monument vum Halifax NA166 H7-G
Land Belsch
Plaz Genk
Adress Berenbroekstraat
Koordinaten 50° 56’ 51.39’’ N
      05° 24’ 40.92’’ O
Ageweit 29. Abrëll 2013

D'Monument vum Monument vum Halifax NA166 H7-G ass e Fligermonument vum Zweete Weltkrich an der belscher Stad Genk dat un den Ofstuerz vun deem Fliger de 15. Mäerz 1945 erënnere soll. D'Monument steet an der Berenbroekstraat.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Handley Page Halifax mat der Nummer NA166 H7-G vum 346 Sqn RAF mat enger Besatzung vun de Forces aériennes françaises libres war den Dag vum Crash um Fluchfeld vun Elvington am North Yorkshire gestart fir mat engem Bommekommando vun 267 Fligeren déi déi däitsch Stad Hagen ze bombardéieren. Vun den 267 Maschinne goungen der 10 verluer, dorënner d'Halifax NA166.

Um Wee fir heem war d'Halifax iwwer der Belsch vun engem däitschen Nuetsjeeër ofgefaangen a beschoos ginn. De Fliger huet ugefaange mat brennen an ass kuerz drop explodéiert. Véier Aviateure koume bei der Explosioun ëm d'Liewen an dräi hu wéi duerch e Wonner iwwerlieft, si ware bei der Explosioun aus dem Fliger geschleidert ginn.