Lëscht vun de Fairey Battle Crashen zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia

Dës Lëscht soll en Iwwerbléck vun de Fairey Battle-Bombere ginn, déi iwwer Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich ofgeschoss goufen an op lëtzebuergeschem Territoire opgeschloe sinn oder eng Noutlandung gemaach hunn. Si soll et ënner anerem erlaben nozevollzéie wou d'Equipagë vun deene Fligere begruewe leien.

Datum Fliger Matricule Fluchfeld Schwadroun Affer Plaz Equipage Bemierkungen
10 Mee 1940 Fairey Battle
MK I
P2200 Villeneuve-les-Vertus
48° 56’ 11.33’’ N
      04° 04’ 04.82’’ O
105 Sqn RAF 0 Kënzeg Sergeant D F Eastick
2nd Class S R Wright
Pilot Officer D G O'Brien
No enger Bauchlandung gouf d'Equipage gefaangegeholl.
10 Mee 1940 Fairey Battle
MK I
L5190 Amifontaine
49° 30’ 00.71’’ N
      03° 57’ 05.66’’ O
12 Sqn RAF 0 Kierchbierg Pilot Officer A.W. Matthew
Sgt A.A. Maderson
LAC J.C. Senior
Bei der Noutlandung gouf d'Equipage blesséiert a gouf gefaangegeholl.
10 Mee 1940 Fairey Battle
MK I
L5247 Reims-Champagne
49° 18’ 20.70’’ N
      04° 02’ 02.90’’ O
226 Sqn RAF 1 Weimeschkierch Fl. Lt. Brian R. Kerridge
Sgt Anthony
Corporal G.H.Dixon
Bei der Noutlandung koum de Pilot ëm d'Liewen an déi aner zwéi Besatzungsmembere goufe gefaangeholl. De Pilot, Brian R. Kerridge, gouf um Hollerecher Kierfecht begruewen, nieft 6 anere Britten déi zu Lëtzebuerg gefall sinn.
10 Mee 1940 Fairey Battle
MK I
L5231 Berry-au-Bac
49° 25’ 26.41’’ N
      03° 53’ 14.85’’ O
142 Sqn RAF 0 Rodange Fl. Off. M.H. Roth
Sgt W.F. Algie
Sgt H. Morris
D'Besatzung huet d'Noutlandung iwwerlieft a gouf gefaangeholl.
10 Mee 1940 Fairey Battle
MK I
L5578 Berry-au-Bac
49° 25’ 26.41’’ N
      03° 53’ 14.85’’ O
142 Sqn RAF 3 Rodange Pilot Off. Frederick S. Laws
Sgt Robert F. Miller
Air Gunner Leon M. Langton
D'Besatzung koum beim Ofstuerz ëm d'Liewen a gouf um Kierfecht vu Rolleng begruewen.
10 Mee 1940 Fairey Battle
MK I
L5540 Écury-sur-Coole
48° 51’ 10.02’’ N
      04° 20’ 55.67’’ O
150 Sqn RAF 0 Bouneweg Fl. Off. A.C. Roberts
Sgt E.H. Ward
AC1 David Meyrick
D'Besatzung huet d'Noutlandung iwwerlieft a koum a Gefaangenschaft.
10 Mee 1940 Fairey Battle
MK I
L5539 Écury-sur-Coole
48° 51’ 10.02’’ N
      04° 20’ 55.67’’ O
150 Sqn RAF 1 Tëscht Jonglënster
an Iechternach
Fl. Lt. Eric R. Parker
Sgt J. Whalley
Corporal R.K.Rye
Bei der Noutlandung koum de Pilot ëm d'Liewen, déi aner goufe gefaange geholl. De gefalene Pilot gouf um Hollerecher Kierfecht an engem Commonwealthgraf bäigesat.
10 Mee 1940 Fairey Battle
MK I
P2203 Aubérive-sur-Suippe
49° 11’ 33.16’’ N
      04° 23’ 45.34’’ O
218 Sqn RAF 2 Bei Kierchen Sgt Ch. J.E. Dockrill (Pilot)
Sgt Percival F. Dormer
Air Gunner K. G. Gregory
Déi 3 Gefale goufen um Kierfecht vu Kierchen begruewen.
10 Mee 1940 Fairey Battle
MK I
K9183 Reims-Champagne
49° 18’ 20.70’’ N
      04° 02’ 02.90’’ O
226 Sqn RAF 2 Beim Hierzenhaff
(Bettenduerf)
Fl. Off. D. A. Cameron
Sgt C.S. Hart
AC.1 John G. Ward
De gefalene Pilot ass zu Dikrech am Spidol u senge Blesse gestuerwen. Hie gouf um Kierfecht vun Dikrech begruewen. Déi aner zwéi koumen a Gefaangeschaft aus där den John Ward zweemol ugeblockt war, an duerno an der polnescher Resistenz aktiv war.
10 Mee 1940 Fairey Battle
MK I
K9372 Bétheniville
49° 18’ 04.66’’ N
      04° 22’ 51.25’’ O
103 Sqn RAF 0 Uewerkäerjeng Flight Lt Maurice C. Wells
Sgt H.F. Bullock
LAC T.H. Bowen
D'Fligeren hunn zur 103. Schwadroun vun der RAF gehéiert, vun deem 4 Fligeren, d'Battle K9372, K9264, K9270 an en aneren, d'Missioun hate fir däitsch Truppen op hirem Virmarsch duerch Lëtzebuerg ze bomdardéiren. Nëmmen een dervun ass heemkomm déi aner dräi goufen ofgeschoss an hir Besatzung war beim Ofstuerz ëm d'Liewe komm, oder gouf vun den Däitsche gefaange geholl.D'Equipage vum K9372 hat iwwerlieft a koum a Krichsgefaangeschaft. D'Besatzung vun den aneren zwéi war beim Ostuerz an der Géigend vu Péiteng a Lénger, bis op de Pilot vum K9270, ëm d'Liewe komm. Si goufen an den Deeg duerno um Zaldotekierfecht um Gehaansbierg bäigesat an 19. Juni 1947 an d'Belsch op de Commonwealthkierfecht vun Hotton transferéiert.
10 Mee 1940 Fairey Battle
MK I
K9264 Bétheniville
49° 18’ 04.66’’ N
      04° 22’ 51.25’’ O
103 Sqn RAF 3 An de Jénken
Tëscht Lénger
a Péiteng
Pilot Off. K. J. Drabble
Sgt Thomas D. Smith
Air Gunner Ph. J. Lamble
10 Mee 1940 Fairey Battle
MK I
K9270 Bétheniville
49° 18’ 04.66’’ N
      04° 22’ 51.25’’ O
103 Sqn RAF 2 Bei Péiteng Sgt C.H. Lowne (Pilot)
Sgt Ch. J. Stafford Poole
Air Gunner O. A. Hutchinson

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]