Halifax-Monument zu Hulsonniaux

Vu Wikipedia
Plack mat den Nimm vun den Aviateuren

D'Halifax-Monument zu Hulsonniaux ass e Krichsmonument no bei der Uertschaft Hulsonniaux um Lieu-dit Rouge-Croix dat un den Ofstuerz vun engem Halifax-Bomber am Zweete Weltkrich erënnert.

D'Monument steet laanscht e Feldwee. Et besteet aus engem Fielsblock mat enger Plack drop, an enger Informatiounstafel, déi ënner engem Nëssert stinn. Op der Plack stinn d'Nimm vun den Aviateuren déi do ëm d'Liewe koumen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De 14. Juli 1943 war de Bomber eng ronn 3 km südwestlech vun der Uertschaft erofgefall. Leit aus dem Duerf goungen direkt op d'Plaz kucken an hu misse feststellen datt keen Aviateur iwwerlieft hat. Gläich drop war déi däitsch Arméi och op der Plaz, huet alles ofgespaart, an huet an den Deeg duerno d'Reschter vum Fliger ewechgeschleeft. Déi Doudeg sechs Kanadier an een Englänner goufen um Kierfecht vu Florennes begruewen.

Den Halifax V mat der Matricule DK 228 an dem Code NA-D deen zum 428. Geschwader vun der R.C.A.F. gehéiert huet, war vum Fluchfeld Middleton 5 Meilen ëstlech vun Darlington den 13. Juli um 23:38 h gestart mat der Missioun Oochen ze bombardéieren. Matgestart waren nach eelef aner Halifax-Fligere vum 428. Geschwader an 362 Bombere vun aneren Unitéiten.

Aus enger Héicht vu 15.000 bis 20.500 Fouss (4.600-6.200 m) goufen 100 Tonne Brandbommen an 43 Tonnen héichexplosiv Bommen erofgehäit. Dobäi gouf eng Fligerfabréck, eng Kautschuks- an eng Pneuefabréck zerstéiert. Et goufen awer och 2.927 Zivilgebaier zerbommt.

Nodeem de Bomber seng Charge lass war, ass en an Direktioun Durbuy geflunn, fir do de Kap ze wiesselen an iwwer Cayeux zeréck an England ze fléien. E gouf awer vun den däitsche Radaren ausgemaach, an den däitsche Majouer Wilhelm Herget deen op Patrull mat sengem Messerschmitt Bf 110 war, krut den Uerder d'Verfollgung opzehuelen. Mat engem vun de beschten Nuetsjeeërpiloten um Schwanz hat den Halifax bei der klorer Siicht déi Nuecht keng Chance fir z'entwëschen. E gouf op engem Flillek getraff, an den Dreifstoff ass a Brand geroden. Duerch de Brand huet en de Flillek verluer, de mat de Motoren an e Feld nordëstlech vu Mesnil-Saint-Blaise gefall ass, ongeféier do wou haut de Sendetuerm vu Belgacom steet. Um zwanzeg vir dräi ass de Fliger e puer honnert Meter dovun op der Rouge-Croix erofgefall.

Bei där Attack op Oochen waren 20 Bombere verluer gaangen, dovu 15 Halifax (3 Stéck vum 428. Geschwader), 2 Lancaster, 1 Stirling an 2 Wellington vun deenen een e puer Minutte virdru vum Herget iwwer Gochenée erofgeschoss gi war.