Halifax-Monument zu Neundorf

Vu Wikipedia
Halifax-Monument zu Neundorf
Typ Krichsmonument
Land Belsch
Gemeng Sankt Väit
Plaz Neundorf
Koordinaten 50° 15’ 58’’ N
      06° 06’ 05’’ O

D'Halifax-Monument zu Neundorf an der Gemeng Sankt Vith steet op där Plaz wou den 3. Oktober 1943 d'Halifax LK 925, vum 43. Geschwader vun der Royal Canadian Air Force, eng Noutlandung huet misse maachen, bei där dräi vun den aacht Mann Equipage ëm d'Liewe koumen.

D'Monument steet ënner enger décker Eech op der Kräizung vun zwéi Feldweeër am Oste vun der Uertschaft.