Stirling-Monument bei Käerch

Vu Wikipedia
Stirling-Monument bei Käerch
Typ Krichsmonument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Käerch
Koordinaten 49° 40’ 41.92’’ N
      05° 57’ 23.22’’ E
Ageweit 4. Juni 1989

D'Stirling-Monument bei Käerch ass e Monument am Flouer Grënnen, dat op Initiativ vum deemolege Buergermeeschter Robert Goniva zanter Juni 1989 drun erënnert, datt op där Plaz den 10./11. Abrëll 1943 e Stirling-Bommefliger, dee vun der däitscher Flak getraff gi war, erofgefall ass. De Fliger vun der 7. RAF-Schwadroun, war an der Géigend vu Saarbrécken beschoss ginn an huet Feier gefaangen. De Fliger huet un Héicht verluer an de Pilot huet eng Noutlandung probéiert, bei där déi siwe Mann Besatzung ëm d'Liewe koumern. Den Equipage konnt uganks net identifizéiert ginn.

Eréischt zéng Joer méi spéit gouf dem Pilot seng Kap entdeckt an där den Numm F. A. Terry dra stoung. Mat där Informatioun war et du méiglech all d'Nimm vum Equipage ze bestëmmen.[1]

D'Monument dat de 4. Juni 1989 ageweit gouf, besteet aus engem Fielsblock op deem eng bronze Plack mat den Nimm vun de Membere vum Equipage déi ëmkomm sinn ass.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Monument steet am Bësch an der Gemeng Käerch, am Flouer Grënnen (oder an der Gënn), Loftlinn e knappse Kilometer nordëstlech vum Zentrum vu Käerch ewech. D'Plaz vum Monument ass vun der Rue du Moulin aus iwwer den Auto-pédestre Käerch 1 z'erreechen.

Equipage[änneren | Quelltext änneren]

Grad Numm Loftwaff Plaz Schicksal Plaz vum Graf
Plt Off E. A. Allen RAFVR Mid up gunner 10/11.04.1943 Commonwealthgraf

zu Hollerech

Sergeant E. A. Barley RAFVR Rear gunner 10/11.04.1943
Fg Off P. G. Freburg DFS RCAF Navigateur 10/11.04.1943
Plt Off R. H. Genisis DMF RAFVR Mecanicien 10/11.04.1943
WO H. E. Nesbitt RCAF Air bomber 10/11.04.1943
Plt Off J. J. Ryder RAFVR Funker 10/11.04.1943
Plt Off F. A. Terry RAFVR Pilot 10/11.04.1943

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Stirling-Monument bei Käerch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. D'Informatiounen iwwer d'Geschicht si vum Panneau beim Monument.