Fligermonument op der Maulesmillen

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Geographesch Koordinaten:
D'Monument am Bësch bei der Maulesmillen (2018)

D'Fligermonument op der Maulesmillen ass e Krichsmonument am Bësch Béischend respektiv Closebësch südwestlech vun der Maulesmillen op der Sektiounsgrenz Boxer/Saassel, dat un den Doud vun dräi briteschen Aviateuren (R.F. Escreet, H.S. Johnson, F.H. Thompson) an dräi belschen Zaldoten (G. Corbisier, L. De Winter, J. Morel) erënnert déi do ëm d'Liewe koume well hire Fliger ofgeschoss gouf.

D'Monument besteet aus enger Grafplack mat engem Kräiz um Kapp mat ronderëm sechs Grafsteng op deenen d'Nimm vun de Gefale stinn. Op der Grafplack steet:

ICI A ÉTÉ ABATTU EN FLAMMES PAR UN AVION ENNEMI, LE 21.3.1945, L'AVION ANGLAIS FK803 EN RETOUR DE MISSION

AT THIS SPOT A BRITISH AIRCRAFT RETURNING FROM A SECRET MISSION WAS SHOT DOWN IN FLAMES BY THE LUFTWAFFE ON THE 21/3/1945"

D'Grafsteng hunn d'Form wéi déi vun de Commonwealthgriewer awer amplaz am helle Kalleksteen, si s'a blogroem Schifergranit.

D'Monument gouf eng laang Zäit als Halifax-Monument bezeechent. Dat koum dohier well ganz laang ugeholl gouf, de Fliger deen ofgeschoss gouf wier eng Halifax gewiescht. Well awer nëmmen 2 Motoren am groussen Ëmkrees fonnt gi waren, d'Halifax hat der awer véier, gouf dunn nogesicht wat fir ee Fliger et da sollt gewiescht sinn. De G.C. Kieffer, Sekretär vun der Luxembourg Society zu London huet dunn erausfonnt datt de Fliger a Wierklechkeet eng Lockheed Hudson war.

Den 21. Mäerz 1945, owes bei vill Reen a Wolleken, ass eng zweemotoreg Lockheed-Hudson mat der Registratioun FK-803, Code N vum 161 Geschwader vun der Royal Air Force ënner dem Kommando vum Leitnant Helfer op der RAF-Basis Tempsford no bei der Stad Bedfort gestart. Dat Fluchfeld huet bei der RAF eng wichteg geheim Roll gespillt. Den Operateur vum Fluchfeld war d'Special Operations Executive (SOE), en Departement dat vum Churchill gegrënnt gi war, fir de Resistenzler an Europa, mat Ausbildung an Infiltratioun souwéi mat Fräiwëllegen an de besate Länner ze hëllefen.[1]

Den 21. Mäerz 1945 war e schwaarzen Dag an der Geschicht vum 161. Geschwader. Dräi vu fënnef Hudsonfligeren, dorënner d'FK-803, déi op eng Missioun iwwer Däitschland geschéckt gi waren, sinn net méi zréckkomm. De Fluchoffizéier Leitnant Ferris an der Hudson T-9445 "O" war iwwer Manhay mat sengen Equipieren ofgeschoss ginn an de Pilot Regan an der AF-595 "L" a seng Mannschaft sinn an där Nuecht vun hirer Missioun och net méi zréckkomm. D'Hudson vum Leitnant Helfer hat d'Missioun fir dräi Agenten iwwer Däitschland ofzesetzen. Déi gouf awer iwwer Erfurt wéinst ze vill schlechtem Wieder ofgebrach an um Réckfluch gouf de Fliger an der Géigend vun der Maulesmillen ofgeschoss. Et gëtt ugeholl datt se iertemlecherweis vun engem amerikaneschen Nuetsjeeër P61 ofgeschoss gouf, deen déi Zäit eng Patrull iwwer der Maulesmillen geflunn ass an deen ugeholl hat et wier eng DO 217. Eng Salv aus dem Bordgeschëtz hat d'Hudson a Brand gesat, déi séier un Héicht verluer huet a schliisslech am Bëschhank bei der Maulesmillen opgeschloen ass. Den Helfer konnt sech retten, well en a leschter Minutt aus dem Fliger sprange konnt. Hie war den eenzegen Iwwerliewende bei deem Accident. Hie konnt no engem Dag nees zréck op Tempford bruecht ginn.

D'Hudson FK 803 mam Geschwadercode N-for-Nan war eng vun 83 Mark IIIA déi d'RAF am Kader vum Lend-Leaseprogamm ugeschaaft hat. Si hat beim Ofstuerz knapps 17 Méint Déngscht gemaach a war virdrun iwwer 80 Missiounen iwwer Däitschland oder iwwer dat besat Europa geflunn, meeschtens fir Agenten a Material mam Fallschierm ofzesetzen. 4 Aktioune waren héichriskant Landunge fir Agenten ze rapatriéieren, bei deenen de Fliger am feindleche Gebitt quasi virun der Nues vun den Däitschen huet misse landen.

D'Beschreiwung vum geneeën Hiergank vum Accident sou wéi déi aner vum 161. Geschwader koum nom Krich an d'geheim Archive vun der RAF.

D'Monument gouf am August 1970 no enger Erënnerungsfeier zu Klierf ageweit. D'Gebiet fir déi Gefale gouf vum Lëtzebuerger Arméisaumonier, dem Colonel Jules Jost a vu sengem briteschen Homolog Reverend David Miller, bei enger Mass an der Klierfer Parkierch gebiet. Vill Familljememberen an aner Bekannte vun de Gefale waren um Rendez-vous. De Clairon de la Résistance gouf vum Bügelspiller Johnny Schmitt geblosen. Duerno haten d'3rd Carabiniers vun de Prince of Wales Dragoon Guards hiren Optrëtt. Déi ware vun hirer Kasär aus dem besaten Däitschland ageflunn ginn. No enger Receptioun am Klierfer Schlass goung et du mat den Autoen op Maulesmillen vu wou zu Fouss erop an de Bësch goung. Ënner den offizielle Representante waren ënner anerem de Premier Pierre Werner a Vertriedung vun der Groussherzogin, de Chamberpresident Pierre Grégoire, de belschen Ambassadeur de Grof de Sélys Longchamps an de russeschen Ambassadeur Eugéne Kossrow, souwéi Representante vun der britescher a vun der franséischer Ambassade. Déi belsch Resistenzler goufe vum beschtbekannte Passeur Albert Guérisse vertrueden.

Wéi d'Commonwealth War Graves Commission wollt d'Läiche vun de briteschen Zaldoten op de briteschen Zaldotekierfecht vun Hotton ëmbette wollt waren d'Leit aus der Géigend vun der Maulesmillen net domat d'Accord. Si soten: Dës jong Männer si fir ons gefall, a mir mussen ons elo ëm si bekëmmeren. Nodeems d'Famill vun den Zaldoten domat averstane waren gouf als Kompromëss decidéiert fir um Kierfecht zu Hotton eng Erënnerungsplack opzestellen mat der Informatioun datt déi dräi Zaldoten op der Maulesmillen begruewe leien.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fligermonument op der Maulesmillen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. McCall, Gibb Flight Most Secret (Air Missions for SOE and SIS), William Klimber & Co London, 1981 ISBN 0-7183-0038-6