Guy Corbisier
Ausgesinn
Guy Corbisier | |
---|---|
Gebuertsnumm | Guy José Florent Corbisier |
Gebuer |
29. Juli 1920 Berchem |
Gestuerwen |
21. Mäerz 1945 Maulesmillen |
Nationalitéit | Belsch |
Aktivitéit | Offizéier, Geheimagent, Resistenzler |
De Guy José Florent Corbisier gebuer den 29. Juli 1920 zu Berchem/Antwerpen a gestuerwen op der Maulesmillen den 21. Mäerz 1945 war e belschen Offizéier, Resistenzler an SOE-Agent wärend dem Zweete Weltkrich.
De Guy Corbisier war ee vun de 6 Besatzungsmembere vun der Lockheed Hudson FK803 "MA-N", vum 161. RAF-Geschawder déi beim Fligeraccident op der Maulesmillen ëm Liewe koumen.
Als Resistenzler war hien ënner den Decknimm Benedict, Cavillot, Mathilde, Mardian, a Stanilas bekannt.
D'Missioun bei där hien ëm d'Liewe koum, hat iwwregens och de Codenumm Operation Benedict.
Hie gouf zesumme mat deene fënnef aneren op der Plaz vum Accident am Bësch begruewen.
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Médaille de la Résistance
- Chevalier vum Ordre de Léopold mat Palm.
- Croix de Guerre 1940 mat Palm.