Kierch Klierf

Vu Wikipedia
Kierch vu Klierf
D'Parkierch vu Klierf

D'Parkierch vu Klierf
D'Parkierch vu Klierf
Uertschaft / Plaz Klierf
Par Clierf
Saint-Benoît
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Cosmas
Hl. Damianus
Konsekratioun 1913
Architekt(en) J. F. Klomp
Baujoer 1912
Koordinaten 50° 3’ 19.3’’ N
      6° 1’ 42.6’’ O

Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Klierf ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Clierf Saint-Benoît, an zu der Gemeng Klierf gehéiert. Et ass och d'Parkierch vun där neier Par.

D'Patréiner vun der Kierch sinn déi zwéin Helleg Cosmas an Damianus, deenen hiert Fest de 26. September gefeiert gëtt.

Se steet an der Montée de l'église.

Den 22. November 2019 gouf se als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierch gouf tëscht 1910 an 1912 no Pläng vum däitsch-hollänneschen Architekt Johannes Franziskus Klomp (1865-1946) gebaut, deen och déi Klierfer Abtei entworf huet, déi genee déi selwecht Zäit gebaut gouf.

Bis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par Klierf. Zur fréierer Par Klierf huet ausser der Parkierch vu Klierf och nach d'Loretokapell vu Klierf, d'Filialkierch vun Eeselbuer an d'Rochuskapell vu Reiler gehéiert.

Klacken[änneren | Quelltext änneren]

Am Kierchtuerm hänke 4 Klacken déi am Schlagtoun b' (la), as' (sol), ges' (fa #) an es' (mib) lauden.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Klierf – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 15. November 2023).