Monument vum Halifax HX334 NP-C

Vu Wikipedia
Monument vum Halifax HX334 NP-C
Land Belsch
Plaz Genk
Adress Kneippstraat
Koordinaten 50° 57’ 14.18’’ N
      05° 25’ 53.10’’ O
Ageweit Febuar 2013

D'Monument vum Halifax HX334 NP-C ass Monument zu Genk an der Kneippstraat dat un den Ofstuerz vum Halifax HX334 erënnere soll, deen do an der Noperschaft vum fréiere Klouschter Bokrijk do wou haut de Provënzdomaine Bokrijk ass, erofgehall ass. Et ass eent vun de ganz wéinege Monumenter vun engem Fligerofstuerz aus dem Zweete Weltkrich dat opgeriicht gouf, obschonn et keng Doudeg gouf.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Halifaxbomber mat der Immatrikulation HX334 vum 158 Sqn RAF war vum Fluchfeld vu Lisset am Yorkshire fortgeflunn fir d'Rangéiergare vun Hasselt ze bombardéieren. De Fliger gouf um Heemwee vun engem däitsche Nuetsjeeër dee vum Heinz-Wolfgang Schnaufer geflunn gouf, ofgeschoss, deen domat säi 64. Ofschoss hat.

Un der Aktioun waren 111 Fligeren, dovu 96 Halifax, 20 Lancaster a 4 Mosquito-Maschinne bedeelegt. Den Erfolleg vum Bombardement, war gläich null, an et goungen 8 Hallifax an 1 Lancaster derbäi verluer.

Vun der Besatzung déi mam Fallschierm ofsprange konnt koumen zwéi Mann vun der RAAF a Gefaangenschaft a koumen an e Stammlager a Schlesien. Den RCAF-Pilot an déi aner RAF-Aviateure goufe vu Leit aus der Noperschaft verstoppt, fir duerno vum Réseau Comète am Kader vun der Operatioun Marathon iwwerholl ze ginn an an enger Stopp an den Ardenne waren, bis am September déi Alliéiert Truppe se konnten iwwerhuelen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]