Op den Inhalt sprangen

Halifax-Monument zu Angles

Vu Wikipedia
Halifax-Monument zu Angles
Land Frankräich
Gemeng Angles
Koordinaten 46°23'22"N, 1°26'18"W

D'Halifax-Monument zu Angles ass e Monument, dat drun erënnert, datt op där Plaz de 24. Juli 1941 en Halifax-Bomber, dee vun der Flak getraff gi war, eroffgefall ass.

D'Monument steet an de Salzwisen um hallwe Wee tëscht Angles a Les Conches laanscht d'Departementsstrooss D46B an der Vendée.

De Fliger war en Halifax B II mat dem N° L9527 vun der 35. RAF-Schwadroun, deen um Fluchfeld vu Stanton Harcourt am Oxfordshire fortgeflunn war fir La Pallice ze bombardéieren.

GradNummPlazUnitéitSchicksalPlaz vum Graf
F/SC.A. GodwinPilotRAF VRGestuerwenKierfecht vun Angles
SgtG.G. EsnoufCopilotRAF VRGestuerwenKierfecht vun Angles
SgtC.H. NewsteadMecanicienRAFGestuerwenKierfecht vun Angles
SgtR.T. RudlinFunkerRAF VRGestuerwenKierfecht vun Angles
F/SS.H.J. ShirleyMitrailleurRAFGestuerwenKierfecht vun Angles
P/OG.A. EperonNavigateurRAFGefaangen am Stalag Luft III
SgtE.O.T. BalcombFunkerRAFGefaangen am Stalag 357