Halifax-Monument zu Awenne

Vu Wikipedia
Halifax-Monument zu Awenne
Land Belsch
Gemeng Saint-Hubert
Plaz Awenne
Bois du Ry de Bellerose
Koordinaten 50° 03’ 18.66’’ N
      05° 19’ 54.27’’ O
Ageweit 15. September 2012
Zu Éiere vun 7 alliéierten Aviateuren

D'Halifax-Monument zu Awenne oder Monument vum Halifax HR872 LQ-K ass e Krichsmonument dat un den Ofstuerz vun engem Halifax-Bomber den 10. August 1943, deen iwwer der Uertschaft Awenne an der belscher Gemeng Saint-Hubert ofgeschoss gouf, erënnert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Halifax HR 872 vum 405. RCAF Sqn, déi um Fluchfeld Gransden Lodge eng ronn 16 km westlech vu Cambridge an England, stationéiert war, hat deen Dag gehollef Mannheim a Baden-Württemberg ze bombardéieren. Den HR 872 LQ-K war un déi 8. Grupp vun der Pathfinder Force ugeschloss, deenen hir haaptsächlech Aufgab et war fir bei Bombardementer Ziler ze markéieren. Um Wee fir op Mannheim gouf déi kanadesch Maschinn vum Lt. Norbert Pietrek am Messerschmitt 110F 4, vum 2. Nuetsjeeërgeschwader (2./NJG 4), dat um Fluchfeld vu Florennes stationéiert war, entdeckt. Beim Beschoss vum däitsche Jeeër huet den Halifax e Flillek verluer an ass beim Ofstuerz explodéiert, woubäi de ganzen Equipage ëm d'Liewe koum. D'Plaz vum Ofstuerz gouf vun den Awunner vun Awenne am Ufank mat engem Holzkräiz markéiert.