Fligermonument zu Oreye

Vu Wikipedia
Fligermonument zu Oreye
Typ Krichsmonument
Land Belsch
Plaz Oreye

D'Fligermonument zu Orey ass e Monument vum Zweete Weltkrich an der Belscher Uertschaft Oreye dat un den Ofstuerz vun engem franséische LeO 451-Bomber erënnere soll.
D'Monument steet zu Oreye lanscht d'N3 an der Ausfaart vum Duerf op der rietser Säit an Direktioun Saint-Trond.

Monument steet op engem mat Condroz-Steng gebaute Sockel a besteet aus engem wierfelfërmegen ënneschten Deel mat driwwer enger ronner Sail, déi béid sinn aus bloem Steen.
Um ënneschten Deel ass op der viischter Säit eng Opschrëft déi un déi dräi franséisch Aviateuren erënnert. Op den aneren dräi Säite gëtt un Affer aus den dräi Dierfer, Grandville, Oreye a Lens-sur-Ger erënnert.

Plack mat den Nimm vun den Aviateuren

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den 11. Mee 1940 huet d'franséisch Loftwaff fir d'éischt hir Dagbomberen agesat. Sechs modern LeO 451 vum GB I/12 (Soissons) a véier vum GB II/12 (Persan-Beaumont), déi vun 18 Morane MS 406 vum GC II/6 (Anglure-Vouarces) avum GC III/3 (Beauvais - Tillé) begleet goufen, haten d'Missoun fir d'Brécken iwwer dem Albertkanal ze zerstéieren. Dat däitscht 1. Juegdgeschwader hat de LeO mat der Nummer 46 dobäi schwéier ugeschoss an d'Maschinn huet ugefaange mat brennen. De Mitrailleur Adjt-Chef Moquelet, probéiert fir aus der Maschinn ze sprangen awer säi Fallschierm huet gebrannt sou datt hien déidlech um Buedem opgeschloen ass. De Funker, den Adjudant Natta konnt mam Fallschierm ofsprangen, huet sech awer bei der Landung blesséiert a gouf gefaange geholl. Hie war den eenzege vun der Besatzung deen iwwerlieft hat. D'Maschinn ass dun zu Grandville laanscht der Strooss Oreye - Saint-Trond um Buedem opgeschloen. De Kommandant, den Ënnerleitnant Jacquet, war op der Plaz dout a de Pilot, den Ënnerleitnant Morel stierft méi spéit un senge Blessen a gëtt zu Maastricht begruewen. Déi aner goufen zu Grandville bäigesat.[1][2]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Infomatiounstafel op der Plaz
  2. Ofstuerz vum LeO 46 op aviation-safety.net