Kap

Vu Wikipedia
De Picasso mat enger Kap

Eng Kap ass eng Kappbedeckung, déi sech vun enger Mutz oder engem Hutt doranner ënnerscheet, datt se vir e Stuerz huet, dee geduecht ass, fir datt een net vun der Sonn soll verblennt ginn. Si si meeschtens aus Stoft (Kotteng) oder engem syntheetesche Material.

Am Sport gi Kapen traditionell beim Baseball gedroen. Baseballkape sinn zanter den 1990er Joren och an Europa e Moudenaccessoire, a gi gär hannevir opgesat.

Kape kënne flaach sinn an engem Berri mat engem Stuerz gläichen oder se kënnen eng méi héich an och dacks versteift Form hunn, sou wéi ee se bei villen Uniforme fënnt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kap – Biller, Videoen oder Audiodateien