Berri

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Auguste Rodin mat engem Berri

De Berri ass eng ronn a platt Kappbedeckung aus mëllem Filz, ouni Stuerz an ouni Bord, déi bannendran eng Kroun aus Lieder huet.

D'Wuert Berri kéim, vum Gaskonesche berret, vum Latäin birretum, ofgeleet vum Nidderlatäin birrus, eng Zort Kappuz. Dëst kéim sengersäits vum Gallesche birros.

De Berri gouf am Béarnais erfonnt, wou e vu Schéifer a Biergguidë gedroe gouf a gouf dunn an der Géigend vun de Pyrenäen industriell produzéiert. E gëtt haut nach am Südweste vu Frankräich gär gedroen, besonnesch bei enger Féria.

Berrie ginn haut zu de Klischeeë vu Frankräich gezielt, wéi d'Baguette, de roude Wäin oder de Camembert. Sou huet dann och de Bande-dessinées-Personnage Superdupont, an deem den archetypesche chauvinistesche Fransous persifléiert gëtt, e Berri.

Zu Lëtzebuerg, an der Zäit vum Zweete Weltkrich gouf et souguer eng Verordung, déi d'Verkafen an d'Droe vu Berrie verbueden huet[1], well eng etlech Leit deen express ugedoen hunn, fir géint dem Gauleiter seng "Germaniséierungspolitik" ze protestéieren.

An etlechen Arméie gehéiere Berrien zu der Uniform. Verschidde Faarwe symboliséieren dann déi verschidden Arméicorpsen.

Den Che Guevara sengersäits huet de Berri zu der Ikon vun der Revolutioun gemaach.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Berri – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren]

  1. Verordung über den Verkauf und das Tragen von Baskenmützen vum 18. Februar 1941; in: Verordungsblatt für Luxemburg 2, 1941, Nr. 15, S.106.