Hulsonniaux

Vu Wikipedia
Hulsonniaux
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Provënz Namouer
Arrondissement Dinant
Gemeng Houyet
Fläch 947
Koordinaten 50° 12’ 00’’ N
      05° 15’ 00’’ O
Telefonszon 083
Postcode 5560

Hulsonniaux op Wallounesch Hulzônea ass eng Sektioun vun der belscher Gemeng Houyet an der Provënz Namouer.

Bis zu der Belscher Gemengereform vun 1977 war Hulsonniaux eegestänneg Gemeng.

Hulsonniaux läit op engem Plateau op ronn 230 Meter de sech laanscht den Dall vun der Lesse zitt. Zu der fréierer Gemeng huet nach déi kleng Uertschaft Chaleux gehéiert déi duerch de Fielsen Aiguilles de Chaleux bekannt ass, an déi ënner engem Fielsvirsprong leien, op deem d'réimescht Lager vu Furfooz war.

Iwwer d'Lesse gouf et och eng Bréck zu Chaleux déi am Januar 1893 bei engem schwéieren Äisgank vun der Lesse ewechgerappt gouf, an net méi opgeriicht gouf.

Um Plateau vun Hulsonniaux gëtt haaptsächlech Landwirtschaft bedriwwen. Fréier gouf et do 103 kleng Bauerebetriber.

D'Baartelméiskierch ass vun 1860, an an der Kierch ass e remarkabele Kräizwee an Ueleg gemoolt. Soss gëtt et an der Uertschaft nach dräi Kapellen, eng déi dem hellege Baartelméis geweit ass, eng aner mam Hl. Rochus als Patréiner an d'Kapell Notre-Dame de la Grâce, déi ënner enger honnertjäreger Lann steet.

Am Éischte Weltkrich hat no engem schwéiere Bombardement déi däitsch Arméi d'Uertschaft besat an alles geplëmmt wat net ugeneelt war. Se haten de Paschtouer als Geisel geholl, an de 16. Dezember 1914 ware 4 Leit aus dem Duerf verschleeft ginn.

Am Zweete Weltkrich war bei der Uertschaft um Lieu-dit Rouge-Croix en Halifax-Bomber erofgefall. Fir déi gefalen Aviateure gouf op der Ofstuerzplaz e Monument opgeriicht.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Halifax-Monument zu Hulsonniaux.

D'Kapell Notre-Dame de la Grâce


Uertschaften an der Gemeng Houyet

Sektiounen: CellesCiergnonCustinneFinnevauxHourHouyetHulsonniauxMesnil-ÉgliseMesnil-Saint-BlaiseWanlin
Aner Uertschaften: Chaleux · Fenffe · Ferage · Gendron · Havenne · Herhet · Hérock · Hubaille · Lavis · Lissoir · Maisoncelle · Mahoux · Payenne · Petite Hour · Sanzinne · Soinne · Trussogne · Ver · Vêves