Fluchfeld Pocklington

Vu Wikipedia

D'Fluchfeld vu Pocklington ass e Fluchfeld bei Pocklington an der englescher Grofschaft Ost-Yorkshire. Et läit an engem Dräieck dee vun de Stroossen A1079 a B1246, a vun der Uertschaft Pocklington gebilt gëtt. Dat haitegt Fluchfeld ass dat zweet an der Géigend vu Pocklington. Dat éischt louch ronn eng Meil westlech dovun. Vun deem Feld ass haut näischt méi ze gesinn.

Dat haitegt Fluchfeld gouf am August 1940 geplangt a sollt am Ufank Graspisten hunn. Et gouf eréischt méi spéit decidéiert fir Bëtongspisten ze bauen. Dat waren d'Pist 11-29 mat 1.400 Yards (1.280 m) an d'Pisten O1-19 an 07-25 mat 1.300 Yards (1.190 m). Wéi realiséiert gouf datt d'Afluchschneis vun der 11-29 ze no bei der Uertschaft louch, gouf déi opginn, an eng nei 1.600 Yards (1460 m) laang Pist d'14-32 gouf gebaut.

Déi éischt Unitéit déi do stationéiert gouf, war d'405. Geschwader vun der RCAF, déi vun do aus mat Wellington-Bomberen operéiert hu bis déi 1942 duerch Halifax-Maschinnen ersat goufen. Kuerz nodeem se déi nei Maschinne kruten, goufe se vum 102. Geschwader vun der RAF ofgeléist, mat deem se den Terrain getosch huet, a sinn op Topcliffe geplënnert.

Wéi de 7. Mee de 4. Bomb Group zu deem e gehéiert huet, an den Transport Command transferéiert huet, ass d'Geschwader 102 mat op d'Fluchfeld vu Bassingbourn geplënnert a krut Liberator-Bomberen.

Eng Personalunitéit hat dunn eng Zäit hire Quartier do an am September 1946 gouf d'Fluchfeld zougemaach.

Duerno gouf et nach just vu Seegelfligeren an heiansdo vu Waarmloftballone benotzt. Den Tarmac deen net benotzt gouf ass lues a lues vermuuscht, an de Kontrolltuerm ass net méi operationell. Et ass dowéinst als Limited flying aklasséiert.

Haut gehéiert d'Fluchfeld dem Wolds Gliding Club.

Eng ronn siwe Kilometer südlech dovu läit d'Fluchfeld RAF Melbourne an am Südosten op 50 Kilometer praktesch op der Ostküst, d'Fluchfeld vu Kirmington dat och vun der RAF exploitéiert gouf, a sech nom Krich zum kommerzielle Fluchhafen Humberside Airport entwéckelt huet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fluchfeld Pocklington – Biller, Videoen oder Audiodateien