Martin Scheeck

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Rue des passeurs zu Bilschdref, zur Erënnerung un de Jacques Reichling an de Martin Scheeck

De Martin Scheeck, gebuer den 11. Oktober 1915 zu Rammerech, gestuerwen den 22. Januar 2008 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Postbeamten a Resistenzler.

Am Dezember 1944 huet hien, zesumme mam Jacques Reichling, 46 amerikanesch Zaldoten, déi vun der däitscher Offensiv iwwerrascht gi waren, vun der Neimille bei Bilschdref iwwer Nieweweeër bei d'amerikanesch Truppen zréckgeféiert.

De Martin Scheeck war bestuet an hat véier Kanner. Nom Krich huet hien zu Rammerech gewunnt.

Hëllef fir 46 GIs[änneren | Quelltext änneren]

De Martin Scheeck hat sech beim Ausbroch vun der Ardennenoffensiv mat engem Motorrad an de Süde vum Land aus dem Stëbs gemaach, well en Angscht hat e kéint verrode ginn, well hie virdrun zwéi Refractairë verstoppt hat. Seng Fra war mat den zwee klenge Kanner, dem Jos, deen deemools dräi Wochen al war, an dem Irène dat 15 Méint hat, zu Bilschdref bliwwen. No en etlech schrecklechen Noriichten déi hien am Süde matkrut, huet hie sech dunn awer erëm decidéiert fir hannescht an d'Éislek ze goen. Do gouf hie vum Guillaume Maack gewuer, datt sech den 19. Dezember 1944 46 amerikanesch GIs an der Neimille bei Bilschdref, déi eidel stoung, zréckgezunn haten, nodeem se vun der däitscher Offensiv iwwerrascht a vun hirer Trupp getrennt gi waren. D'Zaldote ware mat hire Kräften um Enn a wollte sech den däitschen Truppen erginn.

De Martin Scheeck an de Jacques (Jeeki) Reichling, déi allen zwéin zu Bilschdref gewunnt hunn, hu se mat Proviant versuergt, deen se zu Uerschdref bei Bekannten, wéi ë. a. der Famill Marcel Reuter gefecht haten, an hu se duerno iwwer Nieweweeër laanscht déi däitsch Truppen a Richtung belsch Grenz gefouert. Si selwer krute vun den Amerikaner déi praktesch selwer keng Waffe méi haten, jiddwereen e Springfield-Gewier mat Munitioun.

Si hate sech mat Reschter vu Léngen, dat nach op der Mille louch, getarnt, a sinn du mat hinne vun der Neimillen iwwer de Risenhaff an Direktioun Maarteleng marschéiert. Ënnerwee goufe si dräimol vun däitsche Positiounen aus beschoss, eng Kéier zu Bilschdref, duerno op Bräbich an déi drëtt Kéier am Hölzergronn. Dobäi goufen zwéin Amerikaner blesséiert, an een huet missen op enger Bier weidertransportéiert ginn. Kuerz viru Kleng-Elchert war de Martin Scheek deen als Precurseur virgaange war op eng amerikanesch Trupp gestouss, déi do op Konnschaft war. Hie krut vun hinnen e bësselche Verfleegung, éier déi sech selwer aus Sécherheetsgrënn zréckgezunn hunn.

Géint zwou Auer an der Nuecht konnt hir Trupp sechs däitsch Fallschiermjeeër gefaangen huelen, éier s'op der Héicht vun Holz nach eng Kéier ënner Beschoss gerode sinn, déi Kéier awer vun den eegenen Alliéierten, déi net erwaart haten datt Amerikaner aus der Richtung kéinte kommen. Dee Mëssel gouf awer séier gekläert, a sou konnte se weider bis op déi belsch Grenz goen, wou se mat Camione vun der US-Arméi bis op Atert transportéiert goufen, wou eng amerikanesch Kommandozentral war. Do hat hir Aktioun Mëttwochs den 20. Dezember 1944 no engem Marsch vu 16 Stonnen en Enn. Déi gerett Zaldote goufen dunn a Richtung Frankräich oftransportéiert, an de Martin an de Jeeki koumen den 21. Dezember an den amerikaneschen Haaptquartier op Arel, wou och de Patton an deem Ament war, fir do Informatiounen iwwer de Frontverlaf, sou wéi si zwéin e gesinn haten, ze ginn. Si krute vun den Amerikaner ugebuede bei hinnen ze bleiwen, hunn déi Offer awer aus Familljegrënn net akzeptéiert.

Bis zur Liberatioun vu Rammerech a Bilschdref, respektiv den 23. a 25. Dezember 1944, goufe si an engem Hotel zu Arel aquartéiert.

Den 10. September 1946 huet den amerikanesche Chargé d'affaires Platt Waller hinnen Zwéin d'Medal of Freedom, den héchsten amerikaneschen Ziviluerden, ënnerschriwwe vum Generol Dwight D. Eisenhower, dem spéideren amerikanesche President, fir hir Aktioun iwwerreecht.

2008 gouf zu Bilschdref eng Strooss nom Martin Scheeck an dem Jacques Reichling genannt (rue des passeurs).[1]

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Fritz Rasqué, 1946. Das Ősling im Krieg (Onst E'sleck am Krich). Verlag Luxemburgensia Luxemburg. 724 S. Dréckereie J. Beffort a Luja-Beffort, Lëtzebuerg.
  • Jean Milmeister, 1982. 2 Luxemburger bringen 46 Amerikaner in Sicherheit. In: the Bulge, 1982/3, 10e anniversaire. Publication du Cercle d'études sur la bataille des Ardennes, S. 1-3.
  • Jean Milmeister, 1982. Ardennenoffensive 1944: Blutiges Inferno für die "Blutnapf-Soldaten". Lëtzebuerger Sonndesblad Nr. 49 vum 12.12.1982, S. 6-7.
  • Jean Milmeister, 1990. 2 Luxemburger bringen 46 Amerikaner in Sicherheit. In: 1965-1990, 25e anniversaire du Syndicat d'initiative Arsdorf Bilsdorf, 1990. Les éditions 33 66 99 Luxembourg, S. 61-78.
  • Marcel Maack, 1999. Bilsdorfer Helde während der Ardennenoffensive. In: De fräie Geescht vum wëlle roude Léiw, S. 12-18. Imprimerie EXE - Troisvierges. Verlag Marcel Maack. ISBN 2-87996-979-4. (Interview mam Martin Scheeck vum Jos Scheeck a Marcel Maack, opgeholl beim Martin Scheeck den 20. Abrëll 1999).

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Cf Artikel iwwer d'Gemengerotssëtzung am tageblatt vum 20. Nov. 2008.