Tarnung

Vu Wikipedia
D'Muster vun engem Leopard sengem Pelz.
En Zaldot fierft sech d'Gesiicht mat Tarnfaarf.

Tarnung (oder Camouflage) nennt een, wann d'Ausgesinn vun engem Objet, engem Déier oder engem Mënsch der Ëmwelt esou ugepasst gouf, datt se schwéier optesch z'erkenne sinn.

An der Déierewelt hëlleft d'Tarnung, déi duerch natierlech Selektioun entstanen ass, vu Friessfeinden (oder potentieller Beit) iwwersinn ze ginn.

Beim Mënsch ass et besonnesch am militäresche Beräich, wou Tarnung agesat gëtt.