Héich Konstruktiounen zu Lëtzebuerg
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Déi héchst Konstruktioune vu Lëtzebuerg sinn, bei der gréisster ugefaangen:
Iwwer 200 Meter[änneren | Quelltext änneren]
- de Sendemast vun Housen, deen 300 m héich ass.
- déi dräi 3 stole Gittermaste vun 290 m vum Sender vu Beidler.
- den 285 Meter héijen Antennepotto vun RTL um Diddelenger Ginzebierg.
- déi dräi 215 m héich Sender vu Jonglënster.
Iwwer 100 Meter[änneren | Quelltext änneren]
- den 3. Tuerm vum Europäesche Geriichtshaff, 2019 ageweit, ass 115 Meter héich an huet 30 Stäck.
- déi zwéin aner Tierm vum Europäesche Geriichtshaff sinn 107 m héich an hu jee 25 Stäck.
- de Pilier vun der Victor-Bodson-Bréck zu Hesper ass 102 Meter héich.
50 bis 100 Meter[änneren | Quelltext änneren]
- den Tuerm vun der Maison du savoir, dem Haaptgebai vun der Uni Lëtzebuerg um Belval, zu Esch-Uelzecht, 80 Meter héich.
- d'Alcide-De-Gasperi-Gebai, d'"Héichaus" um Kerchbierg, ass 77 m héich.
- d'RBC Investor Services-Gebai zu Esch-Belval, huet eng Héicht vu 75 Meter.
- den Hotel "Double Tree" zu Dummeldeng mat 74 Meter.
- den Tuerm vun der Kierch vu Belair mat 69 Meter.
- de Waassertuerm op der Cloche d'or, mat 68,5 Meter.
- déi zwéin Tierm vum Europaparlament, genannt Porte de l'Europe, laanscht de Boulevard Kennedy, an der "Entrée" op de Kierchbierg, mat allebéid 68 Meter.
- d'Gebai fir ëffentlech Verwaltungen zu Esch-Belval, 60 m héich.
- de Leidelenger Waassertuerm, mat 58,15 Meter.
- den Aquatower zu Bäerdref, mat 55,72 Meter.
- d'Direktiounsgebai vun der Spuerkeess an der Stad Lëtzebuerg huet eng Héicht vu 50 m.
Anerer[änneren | Quelltext änneren]
- d'Al Bréck ass 45 Meter héich