Sendemast vun Housen
Ausgesinn
|
| |
| Geographesch Donnéeën | |
|---|---|
| Land | Lëtzebuerg |
| Gemeng | Parc Housen |
| Plaz | Housen |
| Koordinaten | 50°1'14,68"N, 6°6'17,02"O |
| Donnéeë vum Gebai | |
| Struktur | Stolrouer |
| Héicht | 300 m |
|
| |
De Sendemast vun Housen ass een 300 Meter héijen Antennemast dee vum Broadcasting Center Europe (RTL Group) bedriwwe gëtt.
E gëtt gebraucht fir Televisiounssendendungen a Radiosemissiounen op UKW-Frequenz.
Et ass e stole Mast deen aus ronne Réier zesummegesat ass, mat engem Duerchmiesser op Buedemhéicht vun 2 Meter. De Mast ass am Dräieck mat all Kéier 5 Seeler, déi op 5 Sektiounen an der Héicht verdeelt sinn, ofgespaant.
E steet am Oste vun Housen op enger Kopp, um Flouer Banert, op enger Héicht vu 522 Meter.
Mat 300 Meter ass et dat héchst Bauwierk vu Lëtzebuerg.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]- De Sender vun Housen „in Reinsfeld“ aus gesinn
- D'Spëtz vum Mast
- D'Verankerung vun engem vun de stole Seeler
