Nuetsreflekter vu Maarnech

Vu Wikipedia
De Reflektermast zu Maarnech

Den Nuetsreflekter vu Maarnech war e Mëttelwell-Radiosender, deen 1976 opgeriicht gouf, fir d'Leeschtung vum Nuetssender niewendru méi grouss ze maachen.

E gouf bis an d'1990er Jore vu Broadcasting Center Europe, enger Filial vum RTL Group benotzt, fir nuets d'RTL-Radiosprogrammer an däitscher an englescher Sprooch auszestralen. Dono gouf en un aner Radiosbedreiwer verlount.

Et war een Tuerm dee fräi stoung, mat engem dräieckege Quierschnëtt am stole Fachwierkbau, a war 65 Meter héich.

E stoung eigentlech net zu Maarnech, mä um Terrain vun der Gemeng Parc Housen, an der Lehmkaul zu Duerscht op enger Héicht vu 530 Meter, net wäit ewech vum Schwaarzenhiwel (sou op der topographescher Kaart agedroen), eng vun den héchste Plazen zu Lëtzebuerg (535 m).

Nodeems e mat den anere Mëttelwellesenderen niewendrun den 31. Dezember 2015 fir ëmmer ofgeschalt gouf, goufe se den 11. Februar 2016 ofgerappt[1], an den Terrain op deem se stounge, gëtt dem Lëtzebuerger Staat verkaaft, deen do an de Gebaier Flüchtlingen ënnerbrénge wëll.[2]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. *D'Antennen zu Maarnech si fort!" rtl.lu, 11.02.2016 / Video 00:01:12
  2. "Maarnech: Sendere ginn ofgeschalt an ofgebaut." rtl.lu, Leschten Update: 30.12.2015, 18:32:01.