Maste vum Dagsender vu Maarnech

Vu Wikipedia
Dagsender vu Maarnech

Den Dagsender vu Maarnech bestoung aus 3 ofgespaante Gittermaste mat engem dräieckege Queerschnëtt.

Si waren 105 m héich a goufe vun 1957 bis an d'1990er Joren als Richtfunkantennë fir Mëttelwellesendunge vun den RTL-Radiosprogrammer op Däitsch gebraucht.

Déi 3 Maste stoungen um Territoire vun der Sektioun Rueder an der Gemeng Klierf op enger Héicht vu 540 Meter, um Westhank vum Schwaarzenhiwel, eng vun den héchste Plazen zu Lëtzebuerg.

Nodeems se fir ëmmer ofgeschalt goufen, goufe se den 11. Februar 2016 ofgerappt[1], an den Terrain op deem se stinn, gëtt un de Lëtzebuerger Staat verkaaft, deen do an de Gebaier Flüchtlingen ënnerbrénge wëll.[2]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Maste vum Dagsender vu Maarnech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. *D'Antennen zu Maarnech si fort!" rtl.lu, 11.02.2016 / Video 00:01:12
  2. "Maarnech: Sendere ginn ofgeschalt an ofgebaut." rtl.lu, Leschten Update: 30.12.2015, 18:32:01.