Op den Inhalt sprangen

Sender vu Blaaschent

Vu Wikipedia
Sender vu Blaaschent
De Sender vu Blaaschent (2006)
Geographesch Donnéeën
Land Lëtzebuerg
Gemeng Luerenzweiler
Plaz Blaaschent
Koordinaten 49°42'40,15"N, 6°9'56,64"O
Geographesch Héicht 423,1 m
Donnéeë vum Gebai
Struktur Stolrouer
Héicht 91 m
Material Stol
Zweck UKW-Sender,
Mobilfunktuerm,
Richtfunk
Benotzt vun Broadcasting Center Europe
D'Plattform vum Tuerm am Niwwel

De Sender vu Blaaschent ass en 91m héije stolen Tuerm op enger Kopp am Flouer Biergwee beim Duerf Blaaschent an der Gemeng Luerenzweiler, dee fir UKW-Sendunge vu L'essentiel Radio (virdrun: DNR) op der Frequenz 107,7 MHz[1], sou wéi och Mobil-/Richtfunk, benotzt gëtt.[2] Déi um asphaltéierte Stroossereseau erreechbar Plaz läit op 423,1 m (NG-L). Um Fouss vum Tuerm ass en Depot mat engem Haischen.

Iwwer e Feldwee kann een an ëstlecher Richtung (ca. 300m) eng Plaz am Préventbësch nobäi erreechen, déi op 435,8m läit, an domat déi héchst Plaz vun der Gemeng Luerenzweiler ass. An dësem Bësch konnte seele Kiewerleksaarten nogewise ginn.[3]

 Commons: Sender vu Blaaschent – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Règlement grand-ducal du 28 juillet 2014 établissant la liste des fréquences de radiodiffusion luxembourgeoises visée à l'article 4 de la loi modifiée du 27 juillet 1991 sur les médias électroniques. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt den 29.08.2020.
  2. (de) Fernmeldeturm Blaschette (Lorentzweiler). Structurae. Gekuckt den 29.08.2020.
  3. Gerend, Raoul (2008): Nachweise neuer und bemerkenswerter Käfer für die Fauna Luxemburgs (Insecta, Coleoptera). Bull. Soc. Nat. luxemb. 109. Gekuckt den 2008.