Sender vun Diddeleng

Vu Wikipedia
Sender vun Diddeleng

De Sender vun Diddeleng um Ginzebierg ass eng Anlag vun RTL fir Radios- an Televisiounssendungen. E war fréier, éier et Satellitte gouf, och fir Transmissioune vun europawäite Sendungen eng Relaisstatioun fir d'Eurovision.

Vun do gi Sendungen a follgende Beräicher verbreet:

  • Televisoun
    • 1 Sender VHF vun 100 kW PAR
    • 3 Senderen UHF vun 200 kW bis 1000 kW PAR
  • Radio-UKW
    • 3 Sendere vun 100 kW PAR

D'Anlag besteet aus engem administrativen an technesche Gebai, Wunnenge fir d'Techniker, an engem Sendetuerm donieft, a si stinn op engem klenge Plateau um Ginzebierg, eng vun den héchste Koppen ëm Diddeleng op enger Héicht vu 417, 5 m (NG-L).

De Sendetuerm besteet aus engem Gittermast an enger Antenn, déi zesummen 299 m héich sinn.

En ass an tëscht 1956 an 1957 opgeriicht gi fir eng méi kleng Anlag z'ersetzen. Am Ufank war e méi héich, mä no engem Accident, den 31. Juli 1981, wéi e belschen Dassault Mirage 5BR[1] deen op engem Trainingfluch war, dragerannt war a bei deem ausser dem Pilot (de Colonel R. Gennart, Kommandant vum belsche Fluchfeld Florennes), ee Mataarbechter vun RTL mat senger Fra ëm d'Liewe koumen, gouf de Gittermast op d'Héicht vun 285 m nei opgeriicht. Bei där Fléckerei ass och déi iewescht Antenn e bësselchen ausser Senkel geroden.

De Sender vun Diddeleng nom Accident

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sender vun Diddeleng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Begian Wings (kuckt N° BR-16)