Diskussioun:Sender vun Diddeleng

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wat virdrun do stoung. D'Läsche war eng Haselerei entschëlleg w.e.g. No 16 Stonne Wiki war ech e bësselchen iwwerfuerdert.[Quelltext änneren]

Wat da lo, 299 oder 285 Meter?

Watdaloo, war dat déi Saach mam Wellington a mam Napoljong? --Cornischong 21:21, 6. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]


Moien, fir bei der bemängelter Frëndlechkeet ze bleiwen
Kuck emol wien déi lescht Verbesserung gemaach huet. Les Meloures 23:07, 6. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]
Wat wells de elo wëssen? Ob deng 299 Meter richteg sinn oder meng 285 déi virdrun dra stoungen? Les Meloures 23:28, 6. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]


Héich eraus ....[Quelltext änneren]

Soll ech mech wonneren? Firwat gëtt dann dat, wat op dëser Diskussiounssäit stoung, einfach geläscht???
Da resüméieren ech: Do hat ee behaapt, "De Sendetuerm ass e Gittermast deen elo eng Héicht vu 285 m huet". Déi Ausso bedeit, datt de "Gittermast" 285 Meter elo héich ass. Wéi op deene meeschte Fotoë gutt z'erkennen ass, steet op dem "Gittermast" eng Antenn.
Wéi Enn 2007 de Luxemburger Marienkalender publizéiert gouf, konnt ech do op um Ausklappdeel tëscht de Säiten 96 a 97 am Artikel "Hoch,höher, am höchsten" liesen, datt de "Fernsehturm Düdelingen" eng Héicht vun 299 Meter huet. Ech ginn zwar net dervun aus, datt déi sech dat aus de Fangere gesuckelt hunn, awer ech wollt dat mol wëssen. Nodeems ech mat e puer frëndlechen Techniker vun RTL geschwat hat, wousst ech dat heiten: De Potto (Gittermast) mat der Antenn huet eng Héicht vun 299 Meter. Am Laf vun de Joren (nom Fligercrash) ass un der Antenn ( also dem Opsaz op dem Gittermast) geschafft ginn, fir se technesch appzedéiten. Déi Aarbechten hunn et mat sech bruecht, datt d'Héicht vun der Anlag (Potto + Antenn) dowéinst e "bësse" kéint g'ännert huet, eppes dat awer kaum eng Roll spillt.
Mat anere Wierder: Déi Behaaptung, datt "De Sendetuerm ass e Gittermast deen elo eng Héicht vu 285 m huet." ass wuel "e bësselchen ausser Senkel geroden". An: D'Ausso vun "elo" ass e bësse "gewot".
An um Enn: Op "Saache" wéi "Wat da lo, ..." wäert déi Persoun jo kaum eng seriéis Äntwert erwaarden.
Et sief nach betount: Eng kloer Ausso wier, an dat besonnesch an der Wikipedia, net vu Muttwëll. E Potto, e Gittermast, eng Antenn an e Sendetuerm kéinten zu Mëssverständnesser féieren. A wann hei een optrëtt, deen et fir néideg fënnt en anere Mataarbechter mat der Nues wëllen dropzestoussen, wien dat mat de 299 Meter geschriwwen huet, da soll en anengems mol nobliederen, wien dat vun dem Gittermast vun 285 Meter geschriwwen huet. Da bräicht en den Text vun der Diskussiounssäit net ze läschen. Et bleift em natierlech fräi, sech bei RTL ze renseignéieren, fir op déi Force d'Héicht nees kënnen ze verbesseren. --Cornischong 08:46, 7. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

"Ausser Senkel": Op enger Websäit, déi "Um Spaweck" steet, liesen ech "Altitude du site : 420 m"; am Artikel steet "op enger Héicht vu 417, 5 m iwwer NN". Vläicht trëppelt eng Kéier ee laanscht, an e freet "Wattaloo?" --Cornischong 09:03, 7. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

Moien,

D'Côte op der topographescher Kaart vum Kadaster déi fir de Sender vun Diddeleng extra opgefouert ass seet 417,5. m E Printscreen steet hei niewendrun.

Fichier:Sender Dideleng.jpg
Héicht wéi se op der topographescher Kaart uginn ass.

Ech gleewen och gären datt De Potto (Gittermast) mat der Antenn eng Héicht vun 299 Meter huet.

Dat stoung awer net esou am Artikel. Am Artikel stoung: De Sendetuerm ass e Gittermast deen elo eng Héicht vu 299 m huet. Dat sinn zwou verschidden Assouen déi allen zwou an hirem Sënn richteg sinn. Mee wann ee vun 299 m schreift soll d'Informatioun datt dat mat der Antenn ass, derbäi stoe kommen, wat awer net geschitt ass.

Nach just eng Info zur Kierzung vum Mast. Ech hu selwer déi ganz Phase vum Ëremopbau vum Gittermast mat erlieft. Ech war déizäit praktesch all Dag um Schantjen. De Mast ass ëm e ganzt Gefaach gekierzt ginn. Dat ass net e bësselchen. Les Meloures 09:42, 7. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

PS:Souwäit wéi ech an Erënnerung hunn, war déi Kierzung nëmme méiglech well an der Tëschenzäit a Frankräich en neie Relais opgeriicht gi war, deen d'Héichtendifferenz kompenséiert huet. Les Meloures 10:00, 7. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

Iwwerall verstouss[Quelltext änneren]

Wéi et schéngt, gëtt et den Diddelenger Potto an der de-Wikipedia op hirer "Liste der höchsten Fernsehtürme" iwwerhaapt net. Abee dann. --Cornischong 10:23, 11. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

Et ass jo och kee „Fersehturm“, ma e Sendeturm! GilPe (Diskussioun) 19:52, 31. Jul. 2018 (UTC)[äntweren]