Radio Luxemburg (Die vier fröhlichen Wellen)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Fröhliche Wellen)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem däitsche Radiossender. Fir den engleschsproochege Sender, kuckt wgl. Radio Luxembourg.

RTL-Radio Luxemburg (Die vier fröhlichen Wellen) ass e lëtzebuergesche kommerzielle Radiossender an däitscher Sprooch.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Grënnung[änneren | Quelltext änneren]

D'Geschicht vu Radio Lëtzebuerg fänkt am Joer 1931 un, wéi vu franséische Geschäftsleit d'Compagnie Luxembourgeoise de Radiodiffusion gegrënnt gouf. An deem Joer gouf ee fir déi Zäit staarke Laangwellesender opgebaut. 1933 gouf mat der Ausstralung vun engem Programm fir Frankräich, deen duerch Publicitéit finanzéiert gouf, ugefaangen.

Am Ufank vum Zweete Weltkrich goufen d'Sendungen agestallt. No der Besetzung vu Lëtzebuerg duerch déi däitsch Truppe gouf de Sender an de Großdeutsche Rundfunk abezunn. An de leschte Krichsméint goufen d'Sendeinstallatioune fir eng kuerz Zäit fir d'Stëmm vun Amerika a fir de Geheimsender 1212 gebraucht. Dësen huet sech als Sender vun der däitscher Oppositioun ausginn an huet seng Programmer haaptsächlech op d'Bevëlkerung vum Ruhrgebitt ausgeriicht.

1950er- bis an 1990er-Joren[änneren | Quelltext änneren]

Deen an den 1950er- an 1960er-Jore ganz populären däitsche Programm vun RTL-Radio Lëtzebuerg gouf de 15. Juli 1957 gestart.

E gouf op der Mëttelwellefrequenz 208 m/1439(méi spéit 1440 kHz) an op der Kuerzwellefrequenz 6090 kHz am 49-m-Band iwwerdroen. Fir d'éischt huet d'Sendung nëmmen eng Stonn gedauert, si gouf awer schonn no dräi Méint op véier Stonne verlängert.

Vun 1964 un ass den däitsche Programm vun RTL-Radio Lëtzebuerg och iwwer UKW vu 6:00 bis 24:00 Auer ausgestraalt ginn.

Pionéier vum däitsche Programm[änneren | Quelltext änneren]

Well dësen däitsche Programm manner konservativ wéi déi normal Radiosprogrammer war, gouf en an Däitschland, do wou en empfaange gouf, séier beléift, wéinst sengem Stil an der Klass vu senge Moderatoren. Dat waren deemools ënner aneren: Pierre Nilles, Lou van Bourg, Désirée Nosbusch, Camillo Felgen, Frank Elstner, Jochen Pützenbacher, Viktor Worms) a sonndes d'„Hitparade“ (ë. a. moderéiert vum Camillo Felgen, Frank Elstner, Oliver Spiecker, Thomas Gottschalk, Jörg Ebner). Als Pionéier vun deem Programm war iwweregens och vu Februar 1965 bis September 1966 den international bekannte Televisiounsmoderator Dieter Thomas Heck bedeelegt.

Vun 1969 bis 1972 huet de Sender all Joer och de Grand Prix RTL International, e Museksconcours, dee mam Grand Prix Eurovision verglach konnt ginn, organiséiert.

RTL Radio haut[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem de Sender tëscht 1992 an 2002 zu engem Oldiessender mutéiert war, ass d'Konzept 2002 mat dem RTL Radio Deutschland erëm zu engem Sender gewiesselt, deen am Ënnertitel "Die besten Hits aller Zeiten" versprécht. Zanter dem 1. Dezember 2008 a bis den 30. Juni 2015 mat gouf, iwwer d'UKW–Frequenzen 93,3 an 97,0, mat RTL Radio Luxemburg (net zu verwiesselen mat RTL Radio Lëtzebuerg) och en däitschsproochege Regional-Programm fir Lëtzebuerg an d'Groussregioun gesent.

Nodeem d'Nolauschterer tëscht 2001 a 2015 vu ronn 2,2 Mio. am Dag op 515.000 am Dag zeréckgaange sinn[1],[2], huet RTL Radio vum 1. Juli 2015 un, d'Konzept geännert. Zanterhier gëtt vu Berlin aus gesent, an et ass net méi en Oldiessender: den Ënnertitel ass mëttlerweil "Deutschlands Hit-Radio". Vun den RTL-Studioen um Kierchbierg aus gi just d'lokal Wiederprevisiounen an de Verkéierservice gesent.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Schwaegerl, Tony: Die fröhlichen Wellen - Das Buch von Radio Luxemburg, 1963, Copress-Verlag München

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. D'Zuele vun 2001
  2. D'Zuele vun 2014 an 2015