Jochen Pützenbacher
| Jochen Pützenbacher | |
|---|---|
| Gebuer |
9. Mäerz 1939 Solingen |
| Gestuerwen |
22. August 2019 Düsseldorf |
| Nationalitéit | Däitschland |
| Aktivitéit | Journalist, Radiosspeaker |
| Auszeechnungen | Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne |
|
| |
De Jochen Pützenbacher, gebuer den 9. Mäerz 1939 zu Haan[1] a gestuerwen den 22. August 2019 zu Düsseldorf[2], war en däitsche Radiosspriecher, an tëscht den 1970er an 1990er Joren ee vun de beléifste Speaker beim däitschen RTL-Radio Die vier fröhlichen Wellen.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]Nodeems en ë. a. als Coiffeur a Maquilleur geschafft hat, huet hie seng Radioscarrière, éischter zoufälleg, 1970 beim däitschsproochege Programm vun RTL ugefaangen. 1973 gouf en do Chef-Speaker an dono Chef fir den Entertainment.[3]
Hien huet och verschidden Televisiounssendunge moderéiert, ufanks bei RTLplus, spéider beim WDR a SWF.
Nodeems en 1997 bei RTL pensionéiert gouf, huet hien nach vereenzelt Galaspektakele moderéiert a Course ginn, wéi ee professionell Radio mécht.
Hien huet bis e puer Joer viru sengem Doud weider zu Lëtzebuerg gelieft. Dono huet hie sech mat senger Fra op Düsseldorf zeréckgezunn.
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- 1986:
Chevalier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg zesumme mat sengen RTL-Kolleeginnen Helga Guitton an Haidy Jacobi[4].
- 1995:
Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- "Radiolegend Jochen Pützenbacher gestuerwen." Noruff op rtl.lu, 24.08.2019.
- Anita Pospieschil: "Jochen Pützenbacher: 'Ich war nie heiß auf Radio, aber es hat mir unwahrscheinlich viel Spaß gemacht!'." Biographie am RADIOJournal 2/2009.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Haaner RTL-Legende Jochen Pützenbacher ist tot." rp-online.de, 26.08.2015
- ↑ "Jochen Pützenbacher ist tot". wort.lu, 24.08.2019.
- ↑ Ulrich Köring: "Jochen Pützenbacher ist tot." Radioszene.de, 24.08.2019
- ↑ Anita Pospieschil: "RTL Radio Luxemburg Chronik 1957 bis heute." radiojournal.de, 2017-04-25.
